CoronavirusImpfen, Boosteren, Testen: Wou muss een hin?

Diana Hoffmann
D'Feierdeeg sti virun der Dier an de Virus breet sech mat rasanter Vitesse aus. D'Omnikron-Variant ass e gutt Stéck méi virulent.
© RTL-Grafik

Méi streng Mesuren, déi d’Regierung e Mëttwoch matgedeelt huet, sollen d’Bevëlkerung besser schützen. Et gëtt een es net midd, permanent ze widderhuelen, wéi wichteg eng Impfung géint de Virus ass. Dofir gëtt et de Leit sou einfach wéi méiglech gemaach.

Impfen, Boosteren, Testen / Reportage Diana Hoffmann

Wee sech eng éischt Kéier wëllt géint de Coronavirus impfe loossen, dee kann dat direkt an op alle Plaze maachen, wou geimpft gëtt. Dat heescht am Impfzenter an der Victor Hugo Hal, zu Esch/Belval nieft der Rockhal, zu Ettelbréck Rue du Deich an an de Pop-Ups zu Bartreng, Beetebuerg, Monnerech an an der Haaptstad wärend verschiddenen Deeg. Ma och bei enger ganzer Rëtsch vun Dokteren uechtert d’Land gëtt de Vaccin gesprëtzt.

Eng Opfrëschungsimpfung oder sougenannt Booster-Impfung kann een an allen Impfzenteren op Rendez-vous maachen. Just fir Booster-Impfunge virgesinn ass den Impfzenter am Hangar vun der Air Rescue um Findel a vum 10. Januar un deen an der Luxexpo. Ween awer net op seng Invitatioun fir e Rendez-vous wëll waarden, kann och hei e Bléck op d’Offer vun de Pop-Ups geheien. Woubäi bei dësen awer dacks mat laange Waardezäite muss gerechent ginn. Oder probéieren, ob den Hausdokter schonn éischter Zäit huet.

Ween e PCR-Test muss maachen, wëll en zum Beispill Symptomer huet oder a Kontakt mat enger infizéierter Persoun war, brauch eng Ordonnance a ka sech dann an engem vun de Laboratoiren teste goen. Fir Kanner ginn et do extra Offeren. Wee sou glécklech ass, an d’Vakanz ze fueren, brauch méiglecherweis och e PCR-Test, muss dofir awer och e Rendez-vous huelen a bezuelen. Hei ass drop opzepassen, datt et, elo wou d’Gëltegkeetsdauer vun de PCR-Tester op 48 Stonnen erofgesat gouf, et eventuell net ka méiglech sinn, méindes e valabelen Test ze hunn.

Zertifiéiert Schnelltester kann een da weider an Apdikte maachen. Wann awer elo den 3G op der Aarbechtsplaz ab dem 15. Januar agefouert gëtt, wëll d’Regierung de Leit, déi sech impfe loossen entgéint kommen. Jiddereen, deen eng éischt Kéier geimpft ass, ka sech da soulaang gratis teste loossen, bis e fir d’zweet geimpft ass. Dofir wäerten op 5 Plazen Testzenteren ageriicht ginn, déi vun der Arméi geréiert ginn. Bis zu 10.000 Persoune kënnen hei pro Dag op Rendez-vous getest ginn an hinnen dann en Zertifikat ausgestallt ginn.

All wichteg Informatioune fannt Dir op impfen.lu oder op covid19.lu.

Back to Top
CIM LOGO