Nei Coronamesuren: ënner anerem 2G+ a Spärstonn am Horeca-Secteur vun 23 Auer un
De Premier Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert hunn e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz nei Mesuren annoncéiert.
Den Omikron wier en neie Moment, dës Variant géing sech rasant verbreeden, dofir ginn d'Covidmesuren adaptéiert. Wann dat neit Covid-Gesetz mat den neien Adaptatiounen e Freideg gestëmmt gëtt, da gëllt vun e Samschdeg un nees eng Spärstonn am Horeca-Secteur an zwar vun 23 Auer owes un. Donieft gëllt dann an de Restauranten a Bistroe just den 2G an dat och just fir Leit, déi scho geboostert goufen. Fir déi Leit, déi nach keng 3. Impfung kruten, gëllt den 2G+, dat heescht, déi mussen zousätzlech nach ee Schnelltest sur place maachen. Dëst wier eng Incitatioun, fir sech boosteren ze loossen.
Bei Rassemblementer vu méi wéi 10 Leit gëllt den 2G, bei méi wéi 20 Leit ass et den 2G+, dat heescht nieft der Impfung brauch een och een Test, ausser wann ee geboostert gouf. Den Test kéint do awer och ersat ginn, wann eng Distanz vun 2 Meter kann agehale ginn an eng Maskepflicht gëllt.
Rassemblementer iwwer 200 Leit kënne just mat engem Concept sanitaire zesumme mat der Santé exzeptionell ausgeschafft ginn. Doduerch kënnen dann och d'Studentebaler Enn dës Joers net ofgehale ginn, preziséiert de Premier.
Am Private gëlle keng Restriktiounen, wann ee maximal zu 10 Persounen ass. Sollt ee méi Leit doheem hunn, gëllt den 3G an et soll een d'Evenement och umellen, esou d'Gesondheetsministesch.
Och an de Schoule soll am Januar nees eng Maskeflicht souwuel fir Schüler wéi och fir Enseignanten agefouert ginn. Donieft ginn d'Impfungen elo fir all d'Kanner, net just déi vulnerabel, vu 5 bis 12 Joer opgemaach.
Den Text gëtt e Freideg gestëmmt a soll e Samschdeg, also Chrëschtdag a Kraaft trieden. De Regierungsrot huet bis an d'Nuecht era gedauert.
Schold dorunner wier d'Omikron-Variant, déi d'Weltgesondheetsorganisatioun als eng sougenannte "variant of concern", also eng Variant, déi Suerge mécht, agestuuft hätt, erkläert d'Santésministesch Paulette Lenert. Den Omikron ass méi ustiechend a verbreet sech 10 Mol méi séier wéi déi Varianten, déi mer bis ewell kannt hunn. Och hei am Land wäert d'Variant geschwënn dominant sinn. Aktuell ginn et awer just 5 Fäll am Grand-Duché. Mä am Ausland géing ee gesinn, dass sech dës Variant bannent 2 Deeg verduebelt. Et wier awer nach ze fréi, fir ze soen, wéi geféierlech d'Omikron-Variant wierklech ass. Grad well ee vill Donnéeën den Ament net hätt, misst een elo schonn nei Mesuren huelen an d'Covid-Gesetz entspriechend adaptéieren, fir d'Kontakter ze limitéierten. D'Aidë fir den Horeca-Secteur a fir Independante sollen dofir verlängert an an d'Luucht gesat ginn. Detailer gëtt de Mëttelstandsminister Lex Delles nach am Laf vun dëser Woch.
Beonrouegend wier op alle Fall, dass geheelten a geimpfte Leit manner gutt geschützt si wéi mat der Delta-Variant. Fir Leit, déi de Covid schonn haten, awer net geimpft sinn, wier d'Probabilitéit, sech nach eemol unzestiechen, 4-5 Mol méi héich wéi mat der Delta-Variant. Dofir war et den Appell vun der Santésministesch, sech trotzdeem impfen ze loossen. Och bei Leit, wou déi 2. Impfung scho 4-5 Méint zeréckläit, wär den Impfschutz geréng, dofir den Appell, sech impfen ze loossen. Den Impfschutz bei frësch geboosterte Leit wier awer bei ronn 70 Prozent an deemno och eng positiv Nouvelle, sou d'Paulette Lenert.