Den Impfzenter an der Victor-Hugo-Hal ass eng weider Méiglechkeet nieft dem Impfbus, den Hausdokteren an den Apdikten. Besonnesch, wou d’Santé jo rezent d’Recommandatioun fir en zweete Booster erausginn huet fir Persounen iwwer 70 Joer a vulnerabel Persounen, déi e schwéiere Covid Verlaf riskéieren.
Eleng fir dësen Dënschdeg - den éischten Dag - hate méi wéi 900 Leit e Rendez-vous geholl. Déi allermeescht fir den zweete Booster. Iwwerdeems d’Leit iwwer 70 Joer eng Invitatioun vun der Santé geschéckt kréien, solle vulnerabel Persoune mat hirem Hausdokter kucken, ob en zweete Booster elo fir si Sënn mécht. D’Nofro wier den Ament jiddefalls do, seet den Dr Youssef Soufiane, Koordinator vun de Covid-Impfungen: “Cela se voit par rapport à la fréquentation des Impfbus, des cabinets médicaux et des pharmacies qui participent à la campagne de vaccination. Et bien sûr, aujourd’hui avec l’ouverture et le nombre de personnes que nous avons pu accueillir ce matin.”
Déi Europäesch Medikamentenagence EMA hofft am September, iwwert d’Zouloossung fir sougenannte Variantevaccine kënnen ze decidéieren. Op dës waarden, géif lo fir déi vun den aktuelle Recommandatioune viséiert Risikogruppe kee Sënn maachen, erkläert den Dr Thomas Dentzer, Virolog an der Direktioun:
“Mir kënnen net dovunner ausgoen, datt mer den Impfstoff den 1. oder 15. September hunn. An dofir gëllt et eng Risiko-Evaluatioun ze maachen, fir ze soen, gi mer net awer den aneren Impfstoff, deen e bëssen hëlleft, dee sécher besser ass wéi näischt. An dann ze kucken, wéi et weider geet... Well mir wësse jo net, ob et eng Omikron-Variant ass, déi d’Well verursaacht am September, Oktober oder ob et eng aner Variant ass.”
D’EMA huet e Méindeg och recommandéiert, Persounen iwwer 60, grad wéi Vulnerabelen den zweete Booster ze ginn. Zu Lëtzebuerg wäert een dës Recommandatioun elo iwwerpréiwen.