
De President vun der Spidolsfederatioun Paul Junck huet e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview d'Meldung vum Radio 100,7 confirméiert.
Den Ament ass geplangt, datt e Méindeg an en Dënschdeg jeeweils eng 400 Klinikmataarbechter am Impfzenter an der Victor Hugo Hal geimpft ginn. Dat heescht 800-850 am ganzen, 200-250 Mataarbechter pro Spidolsgrupp.
E Mëttwoch ass fir d'Fleegepersonal aus den Altersheemer reservéiert.
D'Aschreiwunge sinn zanter en Dënschdeg de Moien op an déi géifen och aktiv genotzt ginn, esou de Paul Junck. D'Victor Hugo Hal mécht e Méindeg um 12 Auer Mëtteg hir Dieren op, awer nëmmen fir 3 Deeg, also bis den 30. Dezember.
D'Hal ass ausgeluecht fir 1.000-1.200 Persounen den Dag, déi wärend 12 Stonnen a 16 Filièren geimpft kënne ginn. Den Impfzenter an der Victor Hugo Hal bleift, eisen Informatiounen no, no e Mëttwoch awer bis den 18. Januar zou. D'Detailer iwwert den Oflaf duerno bleiwen nach ze klären.
Vum 4. Januar un soll d'Personal dann, wéi mer Iech scho gemellt haten, an de Spideeler selwer geimpft ginn. Et wier duerfir och souwäit alles vun der Logistik hier virbereet. Wéi vill Impfdosen de Spidolsgruppen déi iwwernächst Woch fir hir Mataarbechter zur Verfügung stinn, dat konnt de President vun der Spidolsfederatioun um Mëttwoch de Moien net soen. Déi Informatiounen hätt een nach net. D'Zil ass all Zäit bal 10.000 Leit ze impfen. D'Botzequippen, d'Kichepersonal an aner Sous-Traitanten abegraff. Wéini dës Zuel erreecht ass, ass haut also nach net ze soen.
Artikel: Éischt Phas vun Impfunge geet un, 1/3 vu Plaze fir CHL-Personal scho reservéiertUn d'Populatioun ass et den Appell vun der FHL, fir sech iwwert d'Feierdeeg solidaresch mam Klinikspersonal ze weisen an dowéinst ganz strikt d'Hygiènesmesuren an déi virgeschriwwe Reegelen anzehalen. Déi dënn Personaldecken ass a bleift de kritesche Punkt am System. Dem Paul Junck wier et dowéinst gutt, wa mer op 50 Neiinfektiounen den Dag nees kéinten erofkommen, fir derduerch ze kommen.
Lëtzebuerg huet jo an de leschte Méint drop verzicht, fir aktiv neit Personal an d'Nopeschlänner rekrutéieren ze goen. Spontan Kandidaturen, déi Leit gestallt hunn, goufen awer ugeholl, gëtt de President vun der FHL am Interview zou. Eng Zuel huet hien awer net genannt. De Gros vum Personalausfall wier awer iwwer Ëmschichtungen a Leit aus der Preretraite opgefaange ginn.