Covid19Impfzenteren uechter d'Land ginn en place gesat

RTL Lëtzebuerg
RTL-Informatiounen no lafen d'Preparatioune fir Impfzenteren zu Esch, an der Stad an zu Ettelbréck op Héichtouren.

Onsen Informatiounen no gëtt d'Gebai, fir en zukünftegen Impfzenter an de Lokalitéite vun der Uni um Esch Belval aktuell fäerdeggestallt. Et handelt sech dobäi ëm de Bâtiment Laboratoire aile-Nord. Fréistens de 15. Dezember kéint hei wuel ugefaange ginn den Impfzenter opzeriichten. D'Santé géif dann dofir de Rez-de-chaussée an den 1. Stack vum Gebai zur Verfügung gestallt kréien.

© RTL Mobile Reporter

Virun der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg waren um Freideg de Moien iwwerdeems scho Camione vun der Arméi a Containeren ze gesinn.

Och zu Ettelbréck soll en Impfzenter kommen, onsen Informatiounen no kéim deen an d’Sportshal vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique. D’Däichhal gëtt net geholl, well d’Impfcampagne viraussiichtlech puer Méint wäert daueren.

De Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert hunn e Freideg de Mëtten um 15 Auer de Public iwwert d’Aarbechten e Freideg de Moien am Regierungsrot informéiert an hunn och Detailer vun der Impfstrategie bekannt ginn.

Back to Top
CIM LOGO