StadbriedemesImpressiounen aus enger Gemeng, déi net wielt

RTL Lëtzebuerg
Zu Zu Stadbriedemes hu sech 9 Leit opgesat an 9 Leit kommen an de Gemengerot. Deemno sinn d’Walbüroen e Sonndeg eidel bliwwen.
Zu Stadbriedemes gouf dëst Joer net gewielt
Den neie Buergermeeschter Robi Beissel erkläert, wéi sech den neie Gemengerot forméiert huet.

D’Decisioun war séier getraff: De Robi Beissel ass neie Buergermeeschter.

Et ass Sonndeg, et ass Mammendag an et sinn am ganze Land Gemengewalen. Dovunner mierkt een zu Stadbriedemes awer näischt. Dëst Joer gëtt net gewielt an den nächste Gemengerot steet scho fest. De Robi Beissel gëtt neie Buergermeeschter mam Claude Forget am mam Jean Kox als Schäffen. D’Poste wieren ënnert deenen 9 Kandidaten a Kandidatinnen ausgemaach ginn.

“Mir hunn eis getraff, mir hunn eis zesummegesat, ech mengen déi Kandidaten, déi fir déi jeeweileg Posten a Fro komm sinn, hunn hir Kandidatur gestallt. Si hunn hir Erklärungen dozou ginn, firwat , wisou an dunn hu mir dat alles geheim ofgestëmmt.”, esou de Robi Beissel. Ouni d’Stëmme vun den 1.175 ageschriwwene Wieler zu Stadbriedemses gëtt et keng Reiefolleg, op déi een sech baséiere kann.

De Robi Beissel ass zanter 7 Joer am Gemengerot, dovunner 5 als Schäffen. Domadder ass hien deen eenzegen deen Erfarungen an dëser Tâche konnt sammelen. Et wär wichteg, sech elo zesummenzesetzen: “Fir mol ze kucken, fir eng Ekipp ze fannen, dass mir zu 9 un engem Strang zéien, an dass mir dat zu 9 dat ganzt geréiert kréien. Dat ass eist Zil.”

D’Haaptthemen, déi op den zukünftege Gemengerot duerkommen, sinn den Ausbau vun enger Schoul an engem Veräinshaus, esou wéi d’Uschléissen un eng Kläranlag.

Stadbriedemes ass eng vu 6 Gemengen, an deenen dëst Joer net gewielt gëtt. Zu Weiler-La Tour, Viichten a Wanseler bleiwen d’Buergermeeschter. Zu Noumer, Buerschent a Stadbriedemes gëtt et e Wiessel am Poste vum Buergermeeschter.

Back to Top
CIM LOGO