
Vun inakzeptabelen Zoustänn, wat déi sanitär Versuergung vun de Mataarbechter am ëffentlechen Transport ugeet, schwätzt den LCGB an engem Communiqué e Mëttwoch de Moien. Op ville Bus-Terminusse géifen et nach ëmmer keng Toilettë ginn, respektiv wiere sanitär Infrastrukturen deels baussent den normale Schaff-Zäiten zou.
Dës Zoustänn géifen zu schwieregen Aarbechtskonditioune féieren, dat wier an engem Land wéi Lëtzebuerg dem LCGB no net ze toleréieren.
Dofir fuerdert den LCGB datt op all Terminus-Toilettë géifen disponibel gemaach ginn, an och eng kloer Zäitfënster, bis wéini dës sollen installéiert sinn. Fir op d'Situatioun vun de Buschaufferen opmierksam ze maachen, rifft den OGBL dann en Donneschdeg zu enger Protestaktioun op, dat um Kierchbierg beim Arrêt Rout Bréck.