WM-Qualifikatioun am DammefuttballDäitlech Defaite fir Lëtzebuerg géint Schottland

Ted Koob
D'Rout Léiwinnen hu sech no enger kämpferescher Leeschtung mat 0:5 géint Schottland misse geschloe ginn. D'Ekipp vun der Insel war de ganze Match iwwer spilleresch iwwerleeën.

Um Dënschdeg Owend war den Optakt vun der WM-Qualifikatioun fir d’Lëtzebuerger Dammennationalekipp. Am Grupp B4 gouf et eng däitlech 0:5-Néierlag géint Schottland.

Viru 688 Spectateuren huet Schottland d’Partie mat héijem Tempo a schnellem Passspill ugefaangen an hunn d’Rout Léiwinnen hannendra gedréckt. Nodeems déi éischt Ugrëffer nach net präzis genuch ware sinn d’Schottinnen an der 9. Minutt a Féierung gaangen. No engem Corner kruten d’Lëtzebuergerinnen de Ball net aus dem Strofraum gekläert an d’Caroline Weir konnt doropshin de Ball am Filet ënnerbréngen.

Nom Géigegol ass et Lëtzebuerg besser gelongen, de Ball vum eegene Gol ewech ze halen. An der 16. Minutt gouf et bal déi éischt Chance fir Lëtzebuerg. D’Kimberley Dos Santos gouf an Déift geschéckt, de Ball ass um Wee Richtung Gol awer versprongen. Schottland hat d’Partie weider am Grëff an huet an der 27. Minutt op 2:0 erhéicht. D’Jenna Clark hat de Ball no engem Fräistouss an de Gol gekäppt. Aus dem Spill eraus konnt d’Lucie Schlimé deen een oder anere Ball paréieren, an der 37. Minutt ass den nächste Géigegol nees no engem Fräistouss gefall. D’Weir hat de Ball aus ronn 20 Meter an de lénken Eck placéiert. Mat 0:3 aus Lëtzebuerger Siicht goufen d’Säite gewiesselt.

Lëtzebuerg koum am Ufank vun der 2. Hallschent besser an d’Zweekämpf an huet Schottland manner Geleeënheete ginn, sech einfach Chancen an Ofschlëss erauszespillen. An der 62. Minutt konnt d’Weir fir Schottland mat hirem 3. perséinleche Gol op 4:0 erhéijen. Op der anerer Säit gouf et an der 64. Minutt déi éischt richteg Méiglechkeet fir d’Rout Léiwinnen. D’Hannah Dietrich hat awer driwwer geschoss. D’Schottinnen hunn an der Suite dem Tempo aus der Partie erausgeholl an net méi mat der Intensitéit wéi an der 1. Hallschent no vir gespillt. An der 88. Minutt ass de Schottinne trotzdeem de 5. Gol duerch d’Kathleen McGovern gelongen. Et sollt bei der 0:5-Defaite fir Lëtzebuerg bleiwen.

An der 2. Partie am Grupp B4 huet Israel 0:3 géint Belsch verluer. Lëtzebuerg spillt den zweete Match vun der WM-Qualifikatioun de 7. Mäerz um 18 Auer a Schottland.

Back to Top
CIM LOGO