
Den Delai leeft nach just bis e Mëttwoch de Mëtteg 12 Auer. Den Duo Miltgen-Engel trëtt domadder de 14. Mäerz um nächsten LSAP-Kongress u fir d’Successioun vun de Co-Presidente Francine Closener an Dan Biancalana z’iwwerhuelen. Déi nei Parteispëtzt wäert d’LSAP déi nächst dräi Joer vertrieden an d’Sozialisten dann och an déi nächst Walcampagnë féieren. Déi verlängert Mandatsdauer muss nach um Kongress zu Hollerech formell aktéiert ginn.
Hire Posten als Attachée parlementaire an der LSAP-Fraktioun, fir déi d’Maxime Miltgen bis ewell geschafft huet, wäert si opginn. Zanter 2019 ass d’Maxime Miltgen Presidentin vun de “Femmes socialistes”.
D’LSAP hat sech déi lescht Wochen nawell méi schwéier gedoen, fir eng weiblech Kandidatin nieft dem Georges Engel ze fannen. Kandidatinne wéi d’Ex-Gesondheetsministesch Paulette Lenert, d’Deputéiert Liz Braz a Claire Delcourt haten ofgesot. Am Gespréich war ze lescht nieft dem Maxime Miltgen nach d‘Flore Schank aus dem Norden, aktuell Schäffen zu Feelen, déi och Interessi gewisen hat.