Lëtzebuerger sëtzt festMaurice Schaack fillt sech am katareschen Doha "a Sécherheet"

Pierre Jans
Um véierten Dag vum Krich am Noen Oste sëtzt en 30 Joer ale Lëtzebuerger zu Doha fest, wärend déi éischt Passagéierfliger nees a Richtung Europa starten – eng konkret Perspektiv, fir eng Heemrees, ass awer nach net a Siicht.
D'Skyline vun Doha den 2. März 2026.
D’Skyline vun Doha den 2. März 2026.
© NOUSHAD THEKKAYIL/NurPhoto via AFP

Maurice Schaack fillt sech am katareschen Doha “a Sécherheet” / Rep. Pierre Jans

Um véierten Dag vum Krich quasi am ganzen Noen Oste starten nees déi éischt Passagéierfliger a Richtung Europa. Um Dënschdeg de Moie koum d’Nouvelle, dass eng Maschinn vun der Airline Emirates vun Dubai ënnerwee op Frankfurt wär.

Hoffnung, fir déi 480 Lëtzebuerger, déi dem Ausseministère no an der Regioun sinn? Vläicht, mä wéini si e Vol an Europa kréien, ass net kloer. De Pierre Jans huet mat engem 30 Joer jonke Lëtzebuerger geschwat, deen den Ament am Katar festsëtzt.

D’Stëmmung ass “souwäit ok”

Et geet dem Maurice Schaack gutt zu Doha. Nach voller Andréck vun engem Trip mam Rucksak duerch Thailand gouf säin Uschloss-Vol op Amsterdam wéinst dem Krich am Iran annuléiert. D’kataresch Airline huet hien a vill anerer an engem Hotel ënnerbruecht.

“Ech sinn esouwuel mat de Lëtzebuerger, wéi mat den hollänneschen Autoritéiten a Kontakt. Béid hu mir gesot, si géifen d’Situatioun am A behalen. Et ass nach net rieds, fir eis z’evakuéieren. Dat ass och komplizéiert. De Loftraum ass jo gespaart. Si kënnen net einfach landen. Ech muss och zouginn, dass et hei zu Doha relativ roueg a sécher ass. Hie Loftofwier huet bis ewell zimlech alles ofgefaangen wat d‘Iraner eriwwer geschéckt hunn. Et héiert ee reegelméisseg Explosiounen a mir kréien och Alerten op den Telefon. Et ass hei am Katar relativ sécher, dofir wäert et wuel fir d‘europäesch Regierungen net esou dréngend sinn, eis z‘evakuéieren.”

Angscht huet de Maurice Schaack op alle Fall net. D’Noriichten op der lokaler Chaîne Al-Jazeera sinn net katastrophal an och d’Katarer schéngen dem Lëtzebuerger roueg.

“D’Lokalpopulatioun ass relativ optimistesch a gudder Déng. Et ass net fir d’éischt, dass dat geschitt ass. Si wëssen, dass hir Arméi zimmlech effizient ass. Si hunn déi berüümt Patriot-Ofwier-Missilen. Si si gutt equipéiert an d’Katarien maache sech keng Suergen. D‘Stëmmung ass souwäit ok.“

Rakéiten iwwer Doha
Lëtzebuerger am Katar hunn d’Rakéiten iwwert der Haaptstad gefilmt.

Trotzdeem mécht den 30 Joer jonken Tourist sech vill Gedanken. Ëmmerhin huet hie sech am Studium zu Groningen mat genee der do Problematik beschäftegt an huet e Master a Middle Eastern Studies, also Fuerschung iwwert den Mëttleren Osten, wou op en Neits Krich ass.

Fir de Maurice Schaack sinn d’US-Ziler zwar kloer, awer net erreechbar: “Wann d’USA de Regimm do wëlle wiesselen, dann ass dat illusoresch. Den iranesche Regime ass grausam a brutal an et géif ee sech wënschen, dass et méiglech wär, en esou einfach ze besäitegen, mä aus rezenter Geschicht wësse mir, dass eng Interventioun vu baussen net funktionéiert. Se mécht d’Situatioun just méi schlecht. Ech denken do un den Iran, den Afghanistan, Libyen. Et gi genuch Beispiller, déi weisen, dass een de Regimm vu baussen net changéiere kann.”

An de Maurice Schaack nennt nach en zweet Argument: “Wann d’Zil ass, dass d’Iraner keng Atomwaffe bauen, dann hätt den Trump net sollen aus dem Atom-Accord eraus klammen. Zu deem Ament hunn d’Iraner sech un d’Ofkommes gehalen.”

An dann hätt een elo kéinten a Verhandlunge goen, an net e Krich ufänken, vun deem de Lëtzebuerger zu Doha schonn eppes matkritt, ouni awer sech selwer an akuter Gefor ze gesinn: “Ech hu Frënn hei, déi de Moien an de Musée gaange sinn, dat kann ee maachen. Et ass relativ sécher hei, och wann et iranesch Rakéitenattacke ginn. Mä mir sinn a Sécherheet. Mir sëtzen an engem gudden Hotel. Et ass wierklech auszehalen.”

Wéini de Maurice Schaack mat engem Retour rechne kann, weess hien net. Dofir ass d‘Situatioun nach ze onkloer.

Deen hei Reportage kënnt Dir als Podcast an eiser Rubrik “Nogelauschtert”, wéi den Numm et scho seet, nolauschteren. An Updaten iwwer d’Situatioun am Noen Osten fannt Dir natierlech bei eis um Site RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO