StatecIndex zitt liicht un am August

RTL Lëtzebuerg
Wann d'Präisdeierecht am selwechte Rhythmus weider unzitt, dann ass villäicht schonn am Oktober mat enger Indextranche ze rechnen.
© AFP (Archiv)

Dem Statec no geet den Inflatiounstaux am August vun 2,3 op 2,5% erop. Dës Hausse ass bedéngt duerch d'Enn vun de Solden. Wann d'Präisdeierecht am selwechte Rhythmus weider lues unzitt, esou datt an den nächste Méint, vläicht schonn am Oktober, mat enger Indextranche ze rechnen ass.

Wann een d'Soldevariatiounen an d'Pëtrolspräisser erausrechent, geet d'Präisdeierecht am August souguer nëmmen ëm 0,3% an d'Luucht.

Bei de Pëtrolspräisser fält op, datt den Heizmazout de leschte Mount ëm bal 2 Prozent par Rapport zum Juli méi bëlleg ginn ass.

Par conter ass et méi deier ginn, fir ze reesen. Esou sinn d'Präisser fir Fluch-Reesen de leschte Mount ëm bal e Véierel méi deier ginn, wéi se nach am Juli waren.

Back to Top
CIM LOGO