Stad LëtzebuergInformatiounscampagne iwwer Heescheverbuet lancéiert

RTL Lëtzebuerg
"D’Limitatioun vun der Mendicitéit", dat ass den Titel vun enger Broschür, déi d’Stad Lëtzebuerg erausbruecht huet an um CityBreakfast presentéiert huet.
Stad Lëtzebuerg - Informatiounscampagne iwwer Heescheverbuet lancéiert
“D’Limitatioun vun der Mendicitéit”, dat ass den Titel vun enger Broschür, déi d’Stad Lëtzebuerg erausbruecht huet an um CityBreakfast presentéiert huet.

D’Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet en Donneschdeg de Moie vun enger Informatiounscampagne geschwat, fir d’Leit drop opmierksam ze maachen, wéi déi legal Situatioun elo ausgesäit, mee och fir drop opmierksam ze maachen, wat d’Stad Lëtzebuerg mécht, fir deene Leit ze hëllefen, deenen et schlecht geet. Dozou géifen och déi gehéieren, déi Affer vun organiséierter Heescherei wieren:

“Déi sinn Affer vu Mënschenhandel an organiséierter Mendicitéit. Déi ginn all Moien eraus geschéckt, fir effektiv an de Stroossen d’Leit opzefuerderen, hinnen eppes ze ginn. Mä déi Sue sinn zum groussen Deel mol net fir si, mee se musse se ofginn.”

Déi Sensibilisatiounscampagne wäert bis Mëtt Januar lafen, dono sollen dem Lydie Polfer no Procès verbauxe gemaach ginn. Mat der Hoffnung, datt dës der aggressiver Mendicitéit en Enn setzen.

Back to Top
CIM LOGO