
An hirem Avis iwwer de Staatsbudget 2019 fuerdert d'Staatsbeamte-Chamber ënnert anerem eng méi effikass Logementspolitik. Notamment misst de Plafong vum super-reduzéierten TVA-Taux vun aktuell 50.000 op 100.000 Euro gehéicht ginn.
6 Säite laang ass de Resumé vun hirem Avis. Do kritiséiert d'Staatsbeamte-Chamber dëst an dat a lueft dëst an dat fir um Enn 4 Säiten unzehänken, wou et nëmmen ëm d' Logementspolitik geet an do nëmmen ëm de reduzéierten TVA-Taux. Mat der Prämisse, am Logement misst endlech wierklech eppes geschéien,well d' Präisser an de leschte Jore bekanntlech explodéiert wieren. An do wier eben – wéinst Reformen, Géigereformen a Verännerungen - den aktuelle reduzéierten TVA-Taux kontraproduktiv a misst verduebelt ginn.
Gutt gemengt wier och villes an der Verkéierspolitik, mä och do missten d'Basics vläicht emol klappen, notamment bei Zuch a Bus.
Fir de Rescht lueft d' Chamber datt vill investéiert gëtt an datt déi sozial Cohesioun soll bäibehale ginn. Och wann hinnen negativ opgefall ass, datt de Budget ëmmer méi vun de Steiere vun de Persounen an ëmmer manner vun de Steiere vun de Betriber gespeist gëtt.
D'CHFEP begréisst nach an hirer Analys den héijen Niveau vun den Investitiounen, ma et gëtt awer bedauert, dass de "Gros" dervunner benotzt gëtt, fir Retarden opzefänken, déi sech iwwer Joerzéngte cumuléiert hunn.
Kritik gëtt et un der Steierpolitik, besonnesch wat d'Steierklass 1A betrëfft.
D'Hausse vum Mindestloun dergéint wier eng gutt Saach.