
De Budget, dee vun 9 Auer un an der Chamber virgestallt gëtt, besteet aus 2 Volummen: de Budget 2019 ass 640 Säiten déck, de Budget pluri-annuel vun 2019 bis 2022 huet der 540.
Déi Kéier gëtt de Budget net op engem USB-Stick presentéiert, ma via e QR-Code gëtt een direkt bei de Budget gefouert (QR heescht jo bekanntlech "Quick Response"; vun 9 Auer u soll de Link aktiv sinn).
Vun 9 Auer un iwwerdroe mir op RTL.lu live aus der Chamber, mir iwwerhuelen d'Signal vu ChamberTV. Ausserdeem informéiere mir Iech via Liveticker.
Éischt politesch Reaktioune ginn et am Mëttesjournal op RTL Radio Lëtzebuerg. Vun 12.30 Auer un ass de Pierre Gramegna och live am Studio.
Den Titel vun der Ried vum Finanzminister ass RTL-Informatiounen no: "D'Weiche richteg stellen". De Budget 2019 géif op de "gudde Resultater" vun der Finanzpolitik vun deene leschte fënnef Joer baséieren an huet d'Ambitioun, wéi et jo programmatesch am Titel heescht, d'Weiche fir déi nächst fënnef Joer ze stellen.
Wäitsiicht, Gerechtegkeet, Nohaltegkeet, sozial Kohesioun a Kompetitivitéit sinn dann och eng Partie vun de Stéchwierder aus der Ried.
Mat dem Budget 2019 wëll d'Regierung dann och schonn en Deel vum Regierungsprogramm ëmsetzen:
- Bal d'Hallschent vun den Depensë si virgesi fir Sozialleeschtungen, Transferten, Subsiden a Subventiounen.
- Et ginn Investissementer op Rekordniveau: 2019 sollen d'Investissementer eng éischte Kéier op iwwer 2,5 Milliarden Euro eropgoen.
- En Deel vum Pak, deen de Pierre Gramegna en Dënschdeg virstellt, si steierlech Mesuren, fir d'Kafkraaft vun de Privatleit an d'Kompetitivitéit vun den Entreprisen ze stäerken. Dozou gehéieren och punktuell Baissë vun der TVA.
- D'Staatsschold soll am Verhältnis zum BIP weider erofgoen.
Nodeems de Budgetsprojet an alle parlamentaresche Kommissiounen den Deputéierten - am Chamberplenum - presentéiert gouf, ass en Dënschdeg de Mëtteg um 14 Auer och eng Entrevue geplangt tëscht dem Minister, den Deputéierte vun der Finanz- a Budgetskommissioun an dem Direkter vun der "Inspection générale des finances et des représentants du Trésor".
Bis elo huet de Staatsbudget mat de sougenannten "douzièmes provisoires" fonctionnéiert; dat wéinst de Walen am Oktober, sou datt eréischt no der Assermentatioun vun der neier Regierung konnt ugefaangen ginn, um Budget-Projet ze schaffen. Dat entspriechend parlamentarescht Dokument krut d'Nummer 7450.
Nodeems d'Joëlle Elvinger déi leschte Kéier Budgetsrapportrice war, ass dësen Exercice dëst Joer mam André Bauler nees an den Hänn vun engem DP-Politiker.
"Den Akzent, deen ech perséinlech wëll setzen, ass dee vun der Digitaliséierung. Fir ze kucken, a wat fir enge Beräicher de Staat muss strategesch investéieren, fir der grousser Erausfuerderung, déi d'Digitaliséierung duerstellt, gerecht ze ginn. Et geet jo eigentlech dorëms, ze detektéieren, a wéi fern mir d'Potentialer vun der Digitaliséierung kënnen notzen an déi Chance, déi se bitt. Et gëtt sécherlech eng Rei Risiken a Geforen, mä mir mussen eis awer als Staat d'Fro stellen, wou mer kënnen den Hiewel usetzen, fir dat Bescht aus de Chancen a Potentialer, déi d'Digitaliséierung bitt, ze maachen.", betount den André Bauler.
D'Digitaliséierung wär eng weider Etapp an der Globaliséierung an dorobber misst ee sech elo schonns virbereeden, fir dass de Standuert Lëtzebuerg och weiderhin attraktiv bleift, sou nach den André Bauler.
D'Presentatioun vum Budget 2018 war iwwregens ewell am Oktober 2017 - deemools war de Finanzminister Gramegna nach am Gespréich fir d'Successioun vum Jeroen Dijsselbloem un der Spëtzt vum Euro-Grupp z'iwwerhuelen - dovunner ass elo keng rieds méi.
D'Depensen am Budget 2018 fir den Zentralstaat louche bei 18,19 Milliarden - deem géintiwwer stounge Recetten an Héicht vun 17,3 Milliarden. Schwéierpunkten am Budget 2018 waren d'gratis Kannerbetreiung, d'gratis Schoulbicher, en neien Elterecongé, d'Reforme vum Revis an d'Investissementer an den Tram.