
Op Uerder vun den zoustännegen Autoritéiten huet den Alborz Teymoorzadeh de Grand-Duché sou séier wéi méiglech verlooss, nodeems hien doriwwer informéiert gouf, datt et fir hie keng nei Openthaltsgeneemegung géif ginn.
Den Alborz Teymoorzadeh ass net eréischt zanter gëschter am Grand-Duché, mä zimmlech genee 5 Joer. Hie koum als Student an huet op der Uni.lu säi Master an der Architektur gemaach. Am Gespréich mat RTL seet de Mann, datt hie sech fir Lëtzebuerg decidéiert hat, well de Programm intressant war a well et déi eenzeg Coursen op Englesch gewiescht wieren.
2021 wollt hien de Master an der Täsch hunn, mä ee Mount ier hie fäerdeg gewiescht wier, ass säi Papp gestuerwen an hien huet seng Etüden ëm ee Joer misste verlängeren. An där Zäit huet den Alborz Teymoorzadeh sech net just ëm seng Etüde gekëmmert, mä och geschafft. Am Medienzenter vun der Uni an och an engem Architektebüro.
An deem Büro huet hie ganz séier festgestallt, datt dat näischt fir hie war, erzielt hien a schwätzt souguer vun enger schrecklecher Experienz. D’Kreativitéit hätt him gefeelt - bei Schaffdeeg vun 12 bis 14 Stonne war net einfach, Motivatioun ze fannen.
Den Alborz Teymoorzadeh huet doropshin decidéiert, datt hie sech wéilt selbststänneg maachen. Et wier souwisou säin Dram gewiescht, als onofhängege Kënschtler eppes Eenzegaarteges ze schafen a keng Fléissbandproduktioun ze maachen. Dofir wier eng Autorisation de séjour als Independant néideg gewiescht, mä déi sollt et net ginn.
Eng consultativ Kommissioun, an där Vertrieder aus dem Inneministère an de Ministèrë fir d’Securité sociale, d’Ekonomie an d’Educatioun sinn, koum zur Conclusioun, datt den Alborz Teymoorzadeh keng weider Openthaltsgeneemegung verdéngt hätt.
“Si hu keen ekonomesche Wäert a menger Aktivitéit gesinn. Si hunn awer och net erkläert, wat déi ekonomesch Valeur an enger kënschtlerescher Aarbecht soll sinn. Du muss op d’mannst een eng Iddi hunn.”
De Minister Gloden präziséiert an engem Pressecommuniqué, datt dem Gesetz no jiddereen, deen aus engem Drëttstaat op Lëtzebuerg kënnt, muss kënnen noweisen, datt hien déi néideg perséinlech Ressourcen huet, fir hei ze liewen.
Den Artist krut vu ville Leit aus dem Kultursecteur de Réck gestäipt. Ënnert anerem vun de Rotonden, der Abtei Neimënster an der Kulturfabrik - déi him souguer eng Aarbecht ginn huet, esou den Direkter vun der Kufa, de René Penning:
“Wéi d’Situatioun mat sengem Titre de Séjour méi brenzeleg ginn ass, hu mer decidéiert him e Contrat à durée déterminée vun 20 Stonnen ze proposéieren an dat Ganzt iwwer 6 Méint. Donieft war hie Kandidat fir eng Kënschtlerresidenz zu Buerglënster vum Kulturministère. Ech denken déi Kombinatioun vun eisem Kontrakt mat Buerglënster wier perfekt gewiescht, fir sech eng Karriär opzebauen.”
An den Annexe vum Schlass zu Buerglënster ginn Atelieren u Kënschtler verlount. Déi kaschten 3 Euro de Meter Carré a jonk Kënschtler, déi sech grad eng Karriär wëllen opbauen, gehéieren zu deenen, déi prioritär behandelt ginn.
Den Alborz Teymoorzadeh hätt eng 150 Euro de Mount fir säin Atelier misse bezuelen. Fir de Kontrakt z’ënnerschreiwen, huet him virop d’Openthaltsgeneemegung gefeelt, mä de Jury an deem Vertrieder aus verschiddene Kulturinstitutiounen an dem Kulturministère sinn, hätte souguer gewaart, well se seng artistesch Aarbecht ganz intressant fonnt hätten.
Mëtt September gouf de Kënschtler dunn op den Immigratiounsministère geruff an eigentlech waren hien a säin Ëmfeld positiv gestëmmt - zu onrecht.
“Si hu mech driwwer informéiert, datt ech d’Land muss verloossen, well ech iwwert deenen 30 Deeg war, déi si mir ginn haten. D’Persoun, déi mech informéiert huet, huet mer dunn nach bis de 6. Oktober Zäit ginn an du sinn ech gaangen. Ech hu mech dovu gemaach, sou séier wéi ech konnt.”
Fir den Direkter vun der Kulturfabrik ass et eng kal an inhuman Manéier, fir mat Mënschen ëmzegoen. De Betraffene selwer war och schockéiert, mä als Iraner wier een esou Saache gewinnt.
“Mir mussen no vir kucken am Liewen. Ech hunn d’Affekotin kontaktéiert, fir ze kucken, wat fir legal Optiounen et gëtt. Si sot mir, mir kéinte viru Geriicht goen, si kéint fir mech kämpfen, mä ech géif domadder meng Sue verléieren, well souwäit si wéisst, hätten esou Fäll viru Geriicht kee Succès.”
Datt esou vill Leit hannert dem iraneschen Artist stinn, fënnt hie schéin. Vun der Lëtzebuerger Regierung erwaart hie sech awer guer näischt. Et misst ee kucken, wéi eng Méiglechkeeten et gëtt - oder eeben net gëtt.
“An engem Land, wou de Kulturminister, den Inneminister an de Wirtschaftsminister kee Plang hunn, wat de Business vu Kënschtler ass a wou et kee Kontakt tëschent hinne gëtt, ass dat eng chaotesch Situatioun.”
Eng Situatioun, déi hie respektiv d’Leit, déi hannert him stinn, net kéinte léisen. D’Regierung misst selwer wëssen, wat d’Roll vun engem Artist ass. Si misst sech doriwwer informéieren a virwëtzeg sinn.
E Sonndeg de Moien huet den Direkter vun der Kulturfabrik, de René Penning iwwert d’sozial Medie matgedeelt, datt den Alborz Teymoorzadeh d’Land verlooss hätt. D’Argument, dat déi consultativ Kommissioun genannt hat, kann hien net novollzéien.
“D’Argument ronderëm d’Valeur économique vun der Konscht schléit dem Faass de Buedem aus. An deem Fall kënne mer Lëtzebuerger Theater, Musek, Literatur, Muséeën, Patrimoine alles ofschafen. Dat dréit sech net vum selwen.”
Ee vu villen, déi sech an de leschten Deeg zu Wuert gemellt hunn, ass den Enrico Lunghi. Op der Uni Lëtzebuerg war hien dem Alborz Teymoorzadeh säi Professer an der Konschtgeschicht. An engem oppene Bréif attestéiert hie sengem fréiere Student Talent an Energie.
Den Enrico Lunghi schreift, hie wier iwwerzeegt, datt de jonke Mann säi Wee éierens anescht géif maachen an hien erënnert drun, datt et an der Konschtgeschicht vill Beispiller gëtt vun Artisten, déi zeréck gewise goufen. Bësse méi spéit hätte se hir Géigner a Kritiker rout gi gelooss vu lauter Schimmt.
D’Karolina Markiewicz ass net nëmmen Autrice a Realisatrice, mä och Enseignante. Si ënnersträicht, datt d’Decisioun déi den Alborz Teymoorzadeh ugeet, symptomatesch ass fir de Mepris vum Mënsch, net nëmme fir d’Kultur an d’Konscht. Et wier fir si schockant an traureg, datt Europa sech weider zur Festung entwéckelt. Mir géifen einfach d’Rhetorik vun den Extremen iwwerhuelen.
Si ass dovunner iwwerzeegt, datt e Mënsch, deen hei forméiert an integréiert war, zu eiser Gesellschaft hätt kënne bäidroen. An hiren Ae géif hei grad e Feeler gemaach ginn.
“Ech hoffen deen ass momentan. Eis Demografie an d’Problemer, déi domadder verbonne sinn, verbessere sech net, wa mir Leit - den Alborz a ganz vill aner Jonker - déi mir hei iwwer puer Joer forméieren, also a si investéieren - a mat deenen ech zënter ville Joer ze dinn hunn - op déi Manéier ëmmer erëm zeréck weisen. Elo iergendwéi méi an ëffentlech ënnerstrach vun engem méi haarde Vocabulaire.”
RTL-News: Openthaltsgeneemegung refuséiert: Iraner hätt net déi néideg perséinlech Ressourcë gehat