Um PotaaschbiergIsolatiounsmaterial op Daach vu Réibau hat gebrannt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Mëtteg um 15.20 Auer ass den CIS Gréiwemaacher op e Brand um Potaaschbierg geruff ginn.
© CIS Gréiwemaacher-Mäertert

Um Daach vun engem Réibau an der Rue de Flaxweiler um Potaaschbierg war Isolatiounsmaterial a Brand geroden. De Brand konnt sech séier ausbreeden an esou war och séier vill Damp ze gesinn. Dowéinst konnte Mataarbechter vun enger anerer Firma fréi genuch d'Pompjeeën alarméieren. Aarbechter hunn direkt probéiert, mat Feierläscher de Brand ze läschen, esou dass, nach ier d'Rettungsekippen ukomm sinn, Schlëmmeres konnt verhënnert ginn. D'Pompjeeën hunn awer och nach missen hëllefe läschen, fir sécherzestellen, dass de Brand sech net ausbreet. No enger Stonn war den Asaz eriwwer. Et koum kee Mënsch zu Schued, de materielle Schued ass awer grouss.

Op der Plaz waren den CIS Gréiwemaacher-Mäertert, si goufen ënnerstëtzt vum CIS Biwer, dem CIS Konsdref an dem CIS Fluessweller. Och d'Police vu Gréiwemaacher war op der Plaz.

© CIS Gréiwemaacher-Mäertert

Back to Top
CIM LOGO