
Virwërf, déi de Musée net gëlle léisst, mä fir net ze "polariséieren", wier decidéiert ginn, d'Table Ronde z'annuléieren. Den Direkter vum Resistenzmusée, de Fränk Schroeder sot, eng Partei an dëser Table Ronde hätt hinne virgeworf, net neutral ze sinn.
Den Direkter vum Resistenzmusée, de Fränk Schroeder wollt ons net soen, vu wiem d'Virwërf kommen, mä onse Recherchen no komme se vum Comité pour une paix juste au proche-orient.
An engem Bréif vum Comité un de President vum Musée, de Buergermeeschter vun Esch, Georges Mischo, deen ons virläit, beschwéiert sech de Comité iwwert d’Organisatioun vun der Table Ronde.
Kritiséiert gëtt virun allem, datt den Direkter vum Musée, deen d'Table Ronde sollt moderéieren, d'Definitioun vum Wuert "Antisemitismus" vun der "International Holocaust Remembrance Alliance" géing ënnerstëtzen. Eng Definitioun, déi de Comité verwërft. Donieft hätt ee probéiert, dem Comité z'imposéieren, wien e soll als Invité schécken an de Comité ënnerstellt engem aneren Invité bewosst, de Comité wëllen ze diskreditéieren.
Fro un den Direkter vum Resistenzmusée, Fränk Schroeder: war de Musée net naiv ze mengen, eng Table Ronde iwwert esou ee sensibele Sujet z'organiséieren?
Et hätt een d'Problematik ënnerschätzt, sou d'Äntwert.
Op Säite vun den aneren Invitéen vun der Table Ronde heescht et "schued", et hätt ee gär iwwert de Sujet "Israelkritik, Antisemitismus" debattéiert. Een Invité huet och bedauert et wier "vill Gedauschs ëm näischt".