
Bei de ronn 1.200 Kontrolle goufen 212 Chaufferen opgefuerdert, technesch Mängel bannent 3 Deeg ze behiewen. Bei iwwer 150 vun dëse Mängel goung et ëm d'Beliichtung vun de Gefierer.
An iwwer 90 Fäll goufe Protokoller geschriwwen, well et gravéierend technesch Defiziter gouf, dorënner 15 Fäll, wou d'Luedungsécherung net garantéiert war.
Bei 25 Gefierer waren d'Pneuen net an der Rei.
Zousätzlech goufen et och nach 23 Protokoller, well d'Luuchten un de Gefierer net an der Rei waren.

An 12 Fäll war eng fräi Siicht net garantéiert an an 10 weidere Fäll gouf et Problemer mat de Placke vun de Gefierer (Konformitéit, Siichtbarkeet, Fixéierung).
8 Chauffere konnten iwwerdeem net déi néideg Sécherheetsausrüstung wéi Warnvest oder Warndräieck virweisen.
2 Chauffere goufe protokolléiert, well hiren Auspuff futti oder ze haart war.
Am Kader vun där "Wanterzäit-Campagne" ginn nach bis Enn des Joers Kontrollen uechter d'Land gemaach.