WanteraktiounIwwer 1.300 Leit hu vun der Offer profitéiert

RTL Lëtzebuerg
Och déi Kéier ware vill Leit op d'Wanteraktioun ugewisen, wann och liicht manner, wéi d'Saison virdrun.
© Christophe Hochard / RTL Télé Lëtzebuerg

D'Wanteraktioun 2018/2019 goung vum 23. November 2018 bis den 31. Mäerz 2019.

Am Foyer de Jour waren 1.316 Persoune fir am Ganzen iwwer 17.000 Präsenzen. 10,43 Prozent si Lëtzebuerger. 45,06 Prozent vun de Leit kommen aus EU-Länner an 44,51 Prozent Persounen aus engem net EU-Land.

Am Foyer de Nuit ware 773 Leit fir iwwer 14.000 Iwwernuechtungen. 6,86 Prozent si Lëtzebuerger. 48,53 Prozent vun de Leit kommen aus EU-Länner an 44,61 Prozent Persounen aus engem net EU-Land.

D'Zuele sinn am Verglach mat zejoert zeréckgaangen. E méigleche Grond ass, datt et dëst Joer net esou kal war.

PDF: Bilan Wanteraktioun 2018-2019

Back to Top
CIM LOGO