Institut luxembourgeois de régulatiounIwwer 1/4 vum verbrauchte Stroum gouf och zu Lëtzebuerg produzéiert

Michèle Sinner
Zu Lëtzebuerg gëtt méi Stroum produzéiert an eng éischte Kéier koum och méi Energie vu Photovoltaik wéi vu Wandkraaft.

D'Produktioun vun erneierbarem Stroum geet an d'Luucht

Dat lescht Joer gouf 26 Prozent vum Stroum, deen zu Lëtzebuerg verbraucht gouf, och hei am Land produzéiert. 2020 ware just 16 Prozent vun der Consommatioun duerch déi national Produktioun vun erneierbarem Stroum gedeckt. Déi Zuelen huet den Institut luxembourgeois de régulatioun (ILR) dësen Dënschdeg virgestallt. Dobäi goung de Stroumverbrauch bannent engem Joer trotz Elektromobilitéit a Wärmepompelen ëm knapps dräi Prozent an d'Luucht. Dat läit do drun, datt déi residentiell Clienten am Verglach mat der Industrie vill manner zum nationale Stroumverbrauch bäidroen.

Den 30. Juni 2026 huet den ILR de Bilan vum Energieverbrauch an der Energieproduktioun vun 2025 gezunn.
Den 30. Juni 2026 huet den ILR de Bilan vum Energieverbrauch an der Energieproduktioun vun 2025 gezunn.
© Michèle Sinner

Photovoltaik viru Wandmillen

2025 gouf och eng éischte Kéier méi erneierbare Stroum duerch Photovoltaik wéi duerch Wandmille produzéiert. Deemno geet och d'Autoconsommatioun erop. Dat heescht, datt ëmmer méi Leit oder Betriber, déi Stroum produzéieren, en och selwer verbrauchen amplaz an d'Netz an ze speisen.

Den integréierte Präis fir d'Endverbraucher – also de Stroum, d'Netzkäschten an Taxen - ass bannent engem Joer ëm iwwer 30 Prozent geklommen. Dat leit do drun, datt de Präisdeckel, dee wéinst dem Krich an der Ukrain agefouert gouf, auslafe gelooss ginn ass. Och de Gas ass dowéinst dat lescht Joer ëm knapps 11 Prozent méi deier ginn.

Back to Top
CIM LOGO