PäischtweekendIwwer 4.000 Leit hunn d'Bock-Kasematten besicht

RTL Lëtzebuerg
De Päischtweekend war touristeméisseg ganz villverspriechend an der Stad Lëtzebuerg an et gouf e Plus vu 15% bei de Visiteuren am Verglach mat zejoert.
© RTL-Archiv

An engem Schreiwes schreift den LCTO, datt iwwer 4.000 Leit d’Bock-Kasematten vun e Freideg bis e Méindeg besicht hunn, dat ass e Plus vu 15% am Verglach mam Päischtweekend zejoert.

Schonn um Ouschterweekend hätt een eng Steigerung bei de Visiteurszuele gehat.

Manner Touristen hu sech awer am Informatiounsbüro um Knuedler informéiert, 22% manner wéi d'lescht Joer.

Den Dag mat de meeschte Leit an der Stad war Päischtsamschdeg.

Schreiwes vum LCTO

Back to Top
CIM LOGO