Invité vun der Redaktioun (25. Mäerz) - Diane DupontIwwer 4.000 Wunnengen um Maart, 70% fir an d'Locatioun

Pit Everling
De Logement bleift ee vun de ganz grousse Suergekanner zu Lëtzebuerg. E Méindeg de Moien war d'Diane Dupont eis Invitée vun der Redaktioun.
Invité vun der Redaktioun: Diane Dupont
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Et hätt een no de personellen Turbulenzen nees Stabilitéit hikritt. Dat sot d’Presidentin vum Fonds du Logement Diane Dupont e Méindeg de Moien als Invitée vun der Redaktioun. D'Prozedur, fir en neien Direkter ze fannen, wär um Lafen. D'Gouvernance vum Fong wier souwisou zu all Zäit assuréiert, och am Moment, wou ebe keen Direkter do ass.

Fonds du Logement/Reportage Tim Morizet

Zanter 1979 hätt de Fong eng 4.000 Wunnengen op de Marché bruecht, allerdéngs géifen 2.800 Leit op eng Wunneng, fir ze lounen, waarden. 2019 komme 90 Logementer op de Marché, d'Diane Dupont wëll awer net just op ee Joer, mä och no hannen an natierlech virun allem no vir kucken.

D'Diane Dupont

An Zukunft wéilt ee 70% vun de Wunnengen an d'Locatioun an 30% an d’Vente ginn. Eng Grondsteier op Terrainen, déi net bebaut ginn, kéint iwwerdeems "eventuell eppes bréngen", ma et wier net un der Presidentin vum Fonds du Logement fir politesch Bewäertungen ofzeginn.

Et wier op alle Fall wichteg, datt den ëffentlechen Acteur proaktiv Terraine keeft.

Zejoert gouf 11 Mol d'Virkafsrecht gezunn, méi ewéi 300 Mol hätt een den Droit de préemption proposéiert kritt, dacks wieren d'Critèren, fir Projeten ze realiséieren awer net erfëllt.

D'Reprochë vum Maître Georges Krieger, datt d'ëffentlech Hand via den Différé grouss Deeler vum
Potentiel foncier géing blockéieren, dat wier op alle Fall net fir de Fonds du Logement de Fall, argumentéiert d'Diane Dupont.

De Fong wier och kee Spekulant. D'Projete géingen an d'Locatioun oder an d'Emphytéose goen. Den Terrain géing ni méi verkaaft ginn.

De Fong gouf jo rezent och d'Affer vu Bedruch. 800.00 Euro waren op e falsche Kont a Polen iwwerwise ginn. Et hätt ee Plainte gemaach an et géing gutt ausgesinn, datt de Fong déi Suen erëmkritt.

Et wieren och eng Rei intern Mesure geholl ginn, fir datt esou eppes net méi virkënnt.

De Logement bleift ee vun de ganz grousse Suergekanner zu Lëtzebuerg. E Méindeg de Moien war d'Diane Dupont eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO