
Dat deelt den Educatiounsministère mat. Zejoert gouf et 5.650 Aschreiwungen.
D’Summerschoul gouf 2020 geschaaft, fir déi Matière nozehuelen, déi wéinst der Pandemie op der Stréck bliwwe war. Antëscht wier et fir vill Schüler am Fondamental an aus de Lycéeën eng gutt Méiglechkeet, hiert Wëssen ze festegen. D’Dossiere kann een op www.summerschool.lu eroflueden. Bis ewell gouf dat 24.000 mol gemaach, esou den Educatiounsministère.
Ronn 430 Fräiwëlleger këmmere sech ëm den Encadrement. 100 haaptberufflech Enseignantë sinn dobäi. De Recht si Schüler, déi op d’mannst en Ofschloss am Secondaire virweise kënnen.
Am Fondamental gëtt am meeschten Nohëllef am Däitschen an an der Mathé gefrot. Am Lycée sinn et d’Mathé an dann d’Franséisch.
Link: D’Schreiwes vum Educatiounsministère zu der Summerschool 2023.