Ëlwen a DikrechIwwer annerhallwe Kilo Cannabis, 50 gr. Kokain a Geld konnte séchergestallt ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt Succèsen an der Anti-Droge-Lutte zu Lëtzebuerg. Direkt op 2 Plaze konnten e Mëttwoch 3 Dealer gepëtzt ginn.
© Police

D'Police mellt Succèsen an der Anti-Droge-Lutte. An der Gemeng Ëlwen gouf an de leschten Deeg eng Persoun festgeholl. Bei hir goufen ënnert anerem 50g Kokain, 885 Gramm Gras, 100g Haschisch an e puer "Magic Mushrooms" fonnt.

Et goufen och 1.500€ Boergeld an 2 Autoe saiséiert. De presuméierten Dealer koum an Untersuchungshaft.

Op Uerder vum Parquet goufen och zu Dikrech zwou Persoune verhaft, déi eppes mat Drogenhandel sollen ze dinn hunn. Hei goufe 700 Gramm Marihuana, e Loftgewier a knapp 700€ séchergestallt.

© Police

Back to Top
CIM LOGO