VIDEO: EttelbréckIwwer Crowdfunding e jiddesche Kierfecht restauréieren

Christophe Hochard
Am Joer 1870 gouf zu Ettelbréck eng Synagog ageweit. Ronn 10 Joer duerno gouf och eng Plaz fonnt fir e jiddesche Kierfecht z'amenagéieren.
Iwwer Crowdfunding e jiddesche Kierfecht restauréieren
Am Joer 1870 gouf zu Ettelbréck eng Synagog ageweit. Ronn 10 Joer duerno gouf och eng Plaz fonnt fir e jiddesche Kierfecht z'amenagéieren.

Obwuel d'Ettelbrécker Gemeng sech em den Ënnerhalt vum Kierfecht beméit, si vill Griewer an engem delabréierten Zoustand. Eng privat Persoun huet elo d'Iddi lancéiert Sue fir d'Restauratioun vum jiddesche Kierfecht ze sammelen.

Bis Ouschtere leeft de "Crowdfunding", also d'Sammele vu Suen iwwert eng Online-Plattform. Den Ament ass ee bei 2.700 Euro.

Hei de Link, fir op de Site vu GoFundMe.org.

Back to Top
CIM LOGO