
Wéi d’Beamten de Won kontrolléiert hunn, ass hinnen de Geroch vu Marihuana opgefall. Hei goufen dann och ronn 485 Gramm Haschisch an e Sprangmesser fonnt a séchergestallt.
Op Grond vun dëser Decouverte huet de Parquet eng Hausperquisitioun beim Chauffeur doheem ordonéiert. Hei konnten nach eng Kéier ronn 150 Gramm Haschisch an enger Dous Pefferspray séchergestallt ginn.
D’Drogen, déi verbuede Waffen, sou wéi den Auto goufe saiséiert, de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.