
Den Ugekloten: en eemolege Polizist, deen zu Bouneweg den 11. Abrëll 2018 en 51 Joer alen Hollänner erschoss hat, dee säin Auto op hien duergesteiert huet.
De Raisonnement vun der Vertriederin vum Parquet war awer eendeiteg. Si ass iwwerzeegt, datt de jonke Mann vun haut 27 Joer eng geziilten Exekutioun gemaach hätt. Datt hie mat der Intentioun an d’Police gaangen ass, fir an esou eng Situatioun ze geroden. Den Dag selwer hätt hie kéinten evitéieren ze schéissen an einfach aus dem Wee goen, sot si.
Hirer Meenung no geet vum Ugekloten eng Gefor fir d’Gesellschaft aus. Hie wier e Voyeur, wat Gewaltzeenen ugeet, an hätt sadistesch Tendenzen. An dësem Fall gëtt et da kee Schwaarz oder Wäiss. De Mann gëtt entweder wéinst Doudschlag verurteelt oder net, wat géing e Fräisproch bedeiten.
Trotzdeem huet d’Vertriederin vum Parquet e partielle Sursis an Aussiicht gestallt, och wann dat bei Doudschlag éischter ongewéinlech ass. Bei dëser Decisioun spillen nämlech Feeler mat, déi net ganz dem Ugekloten zouzeuerdne sinn. Zum Beispill gouf am Prozess ersiichtlech, datt jonk Polizisten an der Policeschoul net genuch op esou eng Situatioun virbereet ginn. Et gouf dacks gesot: Et schéisst een net op en Auto,...mee. Eng Exceptioun wier zum Beispill bei enger Amokfaart.
Da wier nach am Policekommissariat bekannt gewiescht, datt de jonke Mann besonnesch op seng Waff fixéiert war, an en Dropgänger wier. Et hätt awer keen eppes ënnerholl, fir dat an de Grëff ze kréien. Doriwwer eraus kënnt dem Ugekloten nach zu gutt, datt säi Casier eidel ass an e mat haut 27 Joer nach jonk ass.
D’Fro, déi sech awer um Enn ëmmer nach stellt, ass: War et eng legitim Defense oder net? An dat ass och no 11 Prozesssëtzunge vu jeeweils 3 Stonne fir de Laie schwéier ze erkennen. Den Affekot vum Ugekloten huet ugemierkt, datt d’Vertriederin vum Parquet deen extreme Stressmoment komplett an hirem Requisitoire ewechgelooss hätt. Um Donneschdeg ass si nach eng Kéier op dëse Virworf zréckkomm. Et wier e Stressmoment gewiescht. Den Ugekloten hätt awer net panikéiert, mee geziilt geschoss. Mä si hat e Mëttwoch awer och nach präziséiert, datt et hei net dorëm géing goen, datt Poliziste sech missten iwwerfuere loossen. An deem heite Fall hätt den Ugekloten awer aner Moyene gehat.
Wéi scho gesot, et bleift net vill Raum tëscht engem Fräisproch an enger héijer Strof. Dëst Urteel kéint méiglecherweis en Impakt op d’Aarbecht vun de Polizisten um Terrain an hir Formatioun hunn.
D’Urteel gëtt den 23. November gesprach.
RTL-News: Polizist seet viru Geriicht aus, datt e mat de Schëss wollt säi Liewe retten
RTL-News: Ugeklote gëtt als äifrege Polizist beschriwwen
RTL-News: D’Fro vum Standpunkt an der Proportionalitéit
RTL-News: 3 Stonne fir eng Zeen vun 20 Sekonnen - Rekonstruktiounsfilm am Prozess ëm déi déidlech Schëss zu Bouneweg
RTL-News: Den ugeklote fréiere Polizist “war Law and Order”
RTL-News: Ugeklote Polizist schwätzt um 1. Dag vum Prozess vun Noutwier
RTL-News: Parquet freet 30 Joer Prisong mat méiglechem Sursis fir fréiere Polizist