
4.518 Ënnerschrëfte sinn, Stand e Mëttwoch de Moien, schonns beieneekomm, bei nach 23 Deeg, déi d’Petitioun um Site vun der Chamber kann ënnerzeechent ginn. Et wäert deemno e weideren ëffentlechen Debat an der Chamber ginn.
D’Justizministesch Sam Tanson hat déi lescht Woch jo schonns e Projet de loi virgestallt, mat deem bei Fäll vu sexuellem Mëssbrauch vu Mannerjäregen an Zukunft penal méi staark soll duerchgegraff ginn.
Bei enger Vergewaltegung vun engem Mannerjärege soll d’Verjärungsfrist beispillsweis ganz ewechfalen.