Thema Pressefräiheet an der ChamberIwwerschaffte Versioun vum "Circulaire Bettel" proposéiert

Fanny Kinsch
Et géing een international gesinn, datt d'Gewalt géintiwwer Mataarbechter aus der Press an de Medien zejoert zougeholl hätt.
Iwwerschaffte Versioun vum "Circulaire Bettel" proposéiert
An der Chamber goung et ëm d’Thema Pressefräiheet

Pressefräiheet: Reportage vum Fanny Kinsch

Journaliste liewen a geféierlechen Zäiten, dat sot den DP-Deputéierte Guy Arendt en Donneschdeg de Mëtten an der Chamber am Kader vun enger Aktualitéitsstonn zum Thema Pressefräiheet, déi seng Partei ugefrot hat.

Net nëmmen am Ausland, och zu Lëtzebuerg géing ee gesinn, datt Menacë géint Journaliste wärend der Pandemie zougeholl hätt. Journaliste géingen Doudesmenace kréien, et géinge Plainte gemaach ginn, fir si ënner Drock ze sëtzen an hinne géing reprochéiert ginn, Ligen ze verbreeden a vu bausse gesteiert ze sinn.

Dat wat den Ament géing geschéien, wier inakzeptabel, esou de Guy Arendt.
“Et dierf net sinn, datt Fotografen op Manifestatiounen harceléiert gi vu Leit, déi behaapten, si géinge fir hir Meenungsfräiheet protestéieren. Si vergiessen dobäi, datt all Fräiheet do ophéiert, wou deem anere seng ufänkt. Et dierf net sinn, datt Zeitunge wéinst hirer Berichterstattung juristesch poursuivéiert ginn. A wat nach méi schlëmm ass - dës Gewaltbereetschaft limitéiert sech net méi just op d’Aarbecht vun de Journalisten, nee, dës Gewaltbereetschaft dréngt bis an d’Privatliewe vun de Journalisten a Journalistinnen eran.”

Déi meescht Riedner hate kloer Wieder fonnt, esou och d’LSAP-Deputéiert Francine Closener.

“Et geet duer. De Kampf géint déi, déi eise Staat, eist Zesummeliewe wëlle futti maachen, dee Kampf muss eis alleréischte Prioritéit sinn. Déi aner Säit huet vill Terrain gutt gemaach. D’Situatioun ass esou fragil, wéi scho laang net méi, mir dierfen dat wierklech net ënnerschätzen.”

Den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser huet ënnerstrach, seng Partei wier fir d’Pressefräiheet, huet der Press awer och ënnerstallt, si géing hir Verantwortung net Eescht huelen.

“D’Press däerf dowéinst och ni eng Regierungspress sinn oder ginn. An deene leschte Joren huet een awer leider den Androck, datt si dem Rôle net ëmmer gerecht gëtt, och net hei zu Lëtzebuerg. A ville westleche Länner mécht si sech zum Sproochrouer vun der Regierungspolitik an hëlleft kritesch Stëmme kleng ze halen oder auszegrenzen.”

D’Nathalie Oberweis sot hirersäits, d’adr géing Stëmmung géint onofhängeg Medie maachen. Déi Lénk Deputéiert huet awer och net u Kritik un der Regierung gespuert.

“Wou bleift e gutt Informatiounszougangsgesetz, wéi d’Medien et elo scho säit Jore fuerderen? Esou ee Gesetz gëtt et an all Demokratie, déi e bëssen eppes op sech hält. Dass Communicanten a Ministèren an Administratiounen Informatioune filteren iert se un d’Journaliste ginn, ass eigentlech en Hon.”

Am Numm vun alle Parteien an der Chamber huet den DP-Deputéierte Guy Arendt eng Resolutioun agereecht, mat där d’Deputéiert sech engagéieren, sech fir d’Pressefräiheet anzesetzen.

De Premier- a Medieminister huet dem Presserot eng iwwerschaffte Versioun vun der sougenannter “Circulaire Bettel” proposéiert, sou de Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber. Hien huet zouginn, datt d’Circulaire hiert Zil net ganz erreecht hätt.
Xavier Bettel: “Ech muss och direkt hei Iech matdeelen, Här President, dass déi Circulaire och net vläicht den Zweck ganz erfëllt huet, vun der Iddi, déi hannert der Circulaire och stoung. An dofir hunn ech och dem Presserot eng iwwerschaffte Circulaire virgeluecht fir den Zougang justement zur Informatioun nach besser, méi effikass kënnen ze gestalten a parallel gëtt och eben de Bilan vum Transparenzgesetz gemaach.”

Hie géing och hei Adaptatiounen net ausschléissen, esou de Minister.

D’LSAP-Deputéiert Francine Closener an déi gréng Deputéiert Djuna Bernard wollten am Kader vun der Debatt iwwert d’Pressefräiheet vum Minister wëssen, wou den Dossier vum Informatiounszougang dru wier. D’Circulaire Bettel vun 2016 ass ëmstridden - se sollt eigentlech den Zougang zu den Informatioune verbesseren, ma der Journalistenassociatioun ALJP no huet se de Géigendeel erreecht. Virgesinn ass, datt d’Journaliste sech un eng Kommunikatiounspersoun an de Ministère musse riichten, déi d’Ufroe koordinéiert, a sech net méi dierfen un d’Beamten direkt riichten.

Nodeems an de leschte Woche perséinlech Donnéeë vu Journalisten a Politiker an de soziale Medien gedeelt goufen, wouropshin dës Persoune belästegt goufen, sot d’Justizministesch Sam Tanson, datt d’Gesetz eventuell kéint ugepasst ginn, fir dat ze bestrofen. Am franséische Code Pénal wier dat virgesinn a si géing sech dat an den nächste Woche méi genee ukucken.

Ëmgang mat digitale Menacen: Wann Online-Diskussiounen ausaarten
Invité vun der Redaktioun Roger Infalt: Pressefräiheet - Konsequent géint Fake News virgoen

Back to Top
CIM LOGO