
Eng Petitioun setzt sech dofir an, dass Employéen Iwwerstonne kënne sammelen an dës notzen dierfen, fir kënnen éischter an d'Pensioun ze goen.
Eng zweet Petitioun fuerdert, dass Restaurateure hire Gäscht gratis Karaffe mat Waasser mussen offréieren.
Et goufen och zwou Petitiounen accordéiert, déi Strofe fuerderen, wa Reklammen oder Informatiounsblieder vun der Gemeng an d'Bréifboîte geheit ginn, obwuel kloer op der Boîte steet, dass een dat net wëll.
Eng weider Petitioun, déi elo lancéiert däerf ginn, fuerdert e Referendum, fir doriwwer ze entscheeden, ob zu Lëtzebuerg soll d'Wanter- oder Summerzäit bäibehale ginn.
Elo hunn d’Petitionären 42 Deeg Zäit, fir Ënnerschrëften ze sammelen. Gëtt de Seuil vu 4.500 Signaturen erreecht, muss en ëffentlechen Debat zum Thema organiséiert ginn.