Si situéiere sech lénks vun der LSAP a sinn, eegenen Aussoen no engagéiert fir Verännerung, respektiv Symbol vun enger konsequente Oppositiounspolitik.
E Mëttwoch de Moie stounge sech d’Spriecherin vun déi Lénk Carole Thoma an de KPL-Spëtzekandidat Ali Ruckert am Sträitgespréich géintiwwer, wou déi zwee Kandidaten och d’Méiglechkeet kruten, déi aktuell Politik ze kommentéieren.
Wou leien d'Differenzen tëscht den zwou lénken Oppositiounsparteien a wat eent se? Dat wollte mer wëssen.
De Face-à-face géint 10 op 8 live op Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou duerno och de Replay ze fannen ass.