
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.
An de leschten Deeg sinn zwou Persounen um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 832.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen 9.310 Tester gemaach, dovunner waren der 143 positiv, 7 nei Fäll bei 220 Tester goufen e Sonndeg gemellt.
Den Ament sinn 39 Persounen hospitaliséiert, dovunner 10 Patienten op der Intensivstatioun.
Aktuell ginn et 1.053 aktiv Infektiounen, 74.360 Persoune gëllen als geheelt.
Am Ganze gouf bis ewell 767.613 Impfunge genotzt, 394.240 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,03. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.