Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: 145 Positiver bei 9.950 Tester a kee weidert Doudesaffer

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 145 Neiinfektioune registréiert goufen.
© RTL-Grafik

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 830.

Bannent de leschten 72 Stonne goufen 9.950 Tester gemaach, dovunner waren der 145 positiv. 8 nei Fäll goufen e Sonndeg registréiert, 55 e Samschdeg an 82 e Freideg.

Den Ament si 20 Persounen hospitaliséiert, dovunner 5 Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 659 aktiv Infektiounen, 73.641 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze gouf bis ewell 753.907 Impfunge genotzt, 383.824 Leit gëllen als komplett vaccinéiert.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,16. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO