
D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele méi matdeelt.
An de leschten Deeg si keng Persounen um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 bei 819.
Bannent de leschten 72 Stonne goufen 15.739 Tester gemaach, dovunner waren der 247 positiv. 126 nei Fäll goufen e Freideg registréiert, 113 e Samschdeg an 8 e Sonndeg. De Positivitéitstaux läit bei 1,6%.
Den Ament sinn 12 Persounen hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun leien dovunner zwou Persounen.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 1.547 aktiv Infektiounen. 69.891 Leit gëllen als geheelt.
371.670 Persoune krute bis ewell zu Lëtzebuerg eng éischt Corona-Impfdosis gesprëtzt. 272.261 Persoune si komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,93. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.