Coronavirus zu LëtzebuergIwwert de Weekend: 359 Positiver bei 5.895 Tester

RTL Lëtzebuerg
D'Informatioune vun der Santé e Méindeg weisen, datt an de leschten 72 Stonnen 359 Neiinfektioune registréiert goufen.

D'Aktualiséierung vun de Coronazuelen um Méindeg enthält d'Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg an e Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

An de leschten Deeg ass keng Persoun um Coronavirus gestuerwen. Aktuell läit d'Zuel vun den Doudegen a Verbindung mam Covid-19 domat bei 842.

Bannent de leschten 72 Stonne gouf et 359 positiv Fäll bei 5.895 Tester gemaach. 12 nei Fäll bei 395 Tester goufen e Sonndeg gemellt, e Samschdeg waren et der 154 an e Freideg 193 positiv Fäll.

Den Ament si 27 Persounen hospitaliséiert, dovunner aacht Patienten op der Intensivstatioun.

Aktuell ginn et 1.691 aktiv Infektiounen, 78.429 Persoune gëllen als geheelt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,18. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Back to Top
CIM LOGO