Dat nodeem de Xavier Bettel a sengen Usprooche fir Nationalfeierdag sot, dass Lëtzebuerg kloer no méi Ambitiounen a punkto Klimawandel freet. Der Ëmweltgewerkschaft no misst d'Regierung awer nach vill méi aktiv ginn, wat d'Reduktioun vum CO2 an eng gréng Steierpolitik ugeet.
Wat d'Ambitiounen ubelaangt, sou gehéiert Lëtzebuerg zu de Musterschüler an der EU. Déi Wierder kommen net aus dem Mond vun der Regierung, dat steet an der Analys vun der EU-Kommissioun, iwwer de Klima- an Energie-Plang, dee Lëtzebuerg op Bréissel geschéckt huet. Mä jo et gëtt e "Mä" an där Analyse vum Kommissär fir Energie a Klima, dem Miguel Arias Caniété. An zwar wéilte si méi Detailer wëssen. Weider Etappe misst een elo nach erschaffen.
Dat géif den Ament geschéien. Lëtzebuerg huet am Februar nei Zuelen, nei Ziler zu Bréissel eraginn, déi der "Urgence climatique" Rechnung droen, sou d'Ministesch. Prezis geet hei rieds vun den CO2-, also de Kuelendioxid-Emissiounen, wou eist Land, dat an Europa ass mat den héchsten Emissiounen. Déi zu Lëtzebuerg zu 64% um Niveau vun der Mobilitéit entstinn. Do misst en Ëmdenke kommen. Dat géing heeschen: manner Autoen a méi ëffentlechen Transport, awer och méi "Sharing" a méi Elektroautoen.
De Volet Taxatioun dierft hei net vergiess ginn. Mat ënner anerem engem Stéchwuert: dem Ausstig aus de "Fuel Sales", dem sou genannten "Tank-Tourismus". Generell hunn d'Diskussiounen an der Regierung iwwer eng ökologesch Besteierung nach net konkret ugefaangen.
D'Carole Dieschbourg ass der Iwwerzeegung, datt eist Land seng Klima- an Energie-Ziler erreeche kann. De Wëlle wier do, och wann nach ganz vill Aarbecht usteet.