
De Jacques Eischen war bis ewell Administrateur Délégué vu Luxcontrol, ee Posten, deen am Fréijoer vum René Jost iwwerholl ginn ass. Wéi d'Land mellt, géif de Jacques Eischen, deen de Mann vun der Member vum OGBL-Exekutivcomité Véronique Eischen ass, de Poste vum Editpress-Chef am Interim iwwerhuelen.