10. Juli 2013Jean-Claude Juncker hat de Wee fir Neiwale fräigemaach

Jean-Marc Sturm
Viru genee 10 Joer ass den Haaptjalon geluecht ginn, fir op d'mannst 10 Joer blo-rout-gréng Regierungskoalitioun. Dat Ganzt hat eng laang Virgeschicht.

10 Joer Demissioun Jean-Claude Juncker / Reportage Jean-Marc Sturm

D’Annonce koum trotz der SREL-Affär iwwerraschend, och wann zënter Wochen a Méint de schwaarz-roude Motor net méi grad ronn gelaf war. Déi grouss Koalitioun hat scho mat der grousser weltwäiter Finanzkris an engem schwieregen Ëmfeld ugefaangen. An et koumen Affären an Affärercher derbäi vum Dossier Léiweng-Wickreng, iwwert dem Reproche, um Beispill vun der Cargolux oder verschiddene Banken, datt et zum Ausverkaf vu wichtege Wirtschaftsacteure koum, bis zu der Bommeleeëraffär.

Dorunner houng eng aner grouss Affär, déi vum Geheimdéngscht mat heemlechen Oflauschteraktioune mat Ramifikatioune bis op de groussherzoglechen Haff a Reprochë vum Procureur général Biever un de Justizminister Frieden, datt dee bei der Bommeleeër-Enquête géif bremsen. D’LSAP huet Mëtt Juni 2013 der CSV d’Ënnerstëtzung ginn, ee Mësstrauensvott ass net duerch d’Chamber komm. Ënnert dem Deckel huet et awer weider am Dëppe gebrodelt.

Am Rapport vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun krut de Jean-Claude Juncker reprochéiert, als politesche Responsabele vum Geheimdéngscht d’Saachen einfach lafe gelooss ze hunn. D’CSV wollt, dass d’Enquêtëkommissioun manner bësseg am Rapport ass. Dat awer ouni Succès an d’LSAP ass op Distanz gaangen.

Den 10. Juli virun 10 Joer stoung um Krautmaart ee weidere Mësstrauensvott um Programm a virun allem och eng Motioun, an där d’LSAP kloer op d’Verantwortung vum Premier Juncker an der SREL-Affär verwisen huet.

Nach éier et zum Vott koum, huet een enttäuschte Jean-Claude Juncker Neiwalen ugekënnegt:

“Mir hätten och nach stonnelaang kéinten diskutéieren... Ech hätt mir ni kënne virstellen, dass ausgerechent d’sozialistesch Partei mir géif de Fouss stellen... Dat hätt ech mer a 25 Joer Zesummenaarbecht net kënne virstellen. Ech stellen awer fest, dass an der Motioun vun der sozialistescher Partei net op dat agaange gëtt, wat ech gesot hunn, mä dat a Form vu Motioun, sou wéi sou geplangt war. Wann dat esou ass, sinn ech der Meenung, mä ech hunn Näischt do ze soen, dass mir eis Debatt u sech kënnen ophalen. Ech convoquéieren d’Regierung muer de Moie fir 10 Auer a ginn dono an de Palais, fir dem Grand-Duc Neiwale virzeschloen. “

No där Annonce hat de Chamberpresident Laurent Mosar d’Sëtzung zougemaach. Et blouf een ouni Vott am juristesche Vide. Et koum zu Neiwalen, no deene sech Gambia séier fonnt hat. Zënter hir hunn d’Relatiounen tëscht CSV an LSAP eng schwéier Narb.

Back to Top
CIM LOGO