Invité vun der Redaktioun (20. Mäerz)Jean-Michel Collignon iwwer dat neit Konzept vun der Luxexpo

RTL Lëtzebuerg
Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8 e Méindeg war de Jean-Michel Collignon, Direkter vun der Luxexpo.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Jean-Michel Collignon (20. Mäerz)
Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8 e Méindeg war de Jean-Michel Collignon, Direkter vun der Luxexpo.

E Mëttwoch fänkt d’Fréijoersfoire un, ënnert dem neien Numm «Springbreak Luxembourg » an dat an de Foireshalen um Kierchbierg, déi elo « Luxexpo-The Box » heeschen. En neit Konzept, wat ganz vill ze bidden huet, sou den Direkter vun der Luxexpo, Jean-Michel Collignon e Méinden de Moien am RTL-Interview. Et wier méi konzentréiert mat engem neie Rhythmus, enger neier kommerzieller Offer, e sëllechen Atelieren, Concerten a soss Animatioun.

D’Hal 6 an där elo exklusiv Flüchtlingen ënnerbruecht ginn, déi deboutéiert sinn, war och e Sujet. Dozou sot den Invité vun der Redaktioun, datt een de Springbreak an de Refugiés-Zenter um Kierchbierg kloer muss trennen. D'Verhandlunge fir de Vertrag mat der Regierung ze verlängeren, géifen iwwerdeems och gutt virukommen, sou de Jean-Michel Collignon.

Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8 e Méindeg war de Jean-Michel Collignon, Direkter vun der Luxexpo.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO