Neit WaffegesetzJeeër a Sportschütze maache sech Suergen iwwer Gesetzprojet

RTL Lëtzebuerg
Nieft de Jeeër hunn och d'Sportschützen an d'Sammler gréisser Problemer mat deem neie Gesetzprojet iwwert d'Waffen.
© AFP

De Projet fir dat neit Waffegesetz hat 19 formell Oppositioune vum Staatsrot kritt. D'Fédération Luxembourgeoise de Tir aux Armes Sportives (FLTAS) an d'Société des collectionneurs d'armes Lëtzebuerg (SCAL) gesinn hir Bedenken domadder confirméiert an hunn an de leschten Deeg déi eng oder aner politesch Partei gesinn, fir mat hir iwwert hir Suergen ze diskutéieren.

Reaktiounen op Waffegesetzprojet

An där Suergen géifen et nawell genuch.

Keng Associatioun hätt e Problem domadder, datt déi europäesch Direktiv fir e bessere Schutz géint den Terrorismus ëmgesat gëtt, mä Lëtzebuerg géif ze wäit goen.

De Pit Kaiser vum SCAL ass der Meenung, datt dat aalt Gesetz vum Mäerz 1983 gutt ass an datt ee verschidde Punkten aus der Direktiv do hätt kënnen afléisse loossen.
Hien ass frou, datt  d'Associatiounen elo mol gehéiert ginn. Genee wéi och de Mil Manderscheid, den techneschen Direkter vun der FLTAS, deen nach emol op d'Problemer hiweist, déi de Gesetzprojet a sengen Aen mat sech bréngt.

Dass d'Militärgewierer, d'Semiautomaten an d'Kategorie A solle faalen; automatesch Waffe komplett verbuede ginn, verschidde Munitiounszorte solle verbuede ginn, e weidere Problem ass, datt Nuets tëschent 11 a 5 Auer keng Waffe méi op ëffentleche Weeër dierfen transportéiert ginn.

D'Waffesammler wëllen ënnert anerem verhënneren, datt hir historesch Waffe mussen neutraliséiert ginn, eppes wat de Staatsrot och a sengem Avis opgräift a sech freet op dat néideg ass. Dëser Deeg hunn déi verschidden Associatiounen, déi vum neie Waffegesetz betraff sinn, mat deene Gréngen, der LSAP an der DP iwwert hir Suerge geschwat, wéi de de Pit Kaiser vum SCAL erkläert.

Dat éischt Gespréich war net schlecht, do hu mer awer duerno d'Gefill gehat, dass eben d'Waffen net dat richtegt Thema sinn, wat an eiser Gesellschaft nach soll sinn. Bei deenen aneren zwou Parteie, ware mer ganz zefridden, si hunn eis wierklech nogelauschtert an eis och ënnerstëtzt an där Iddi, dass mer ebe Sammlerstécker konservéieren an net futti maachen.

No dëse Gespréicher an nom Avis vum Staatsrot sinn d'Erwaardungen natierlech grouss.

Ech mengen esou wéi et elo geschriwwe war, kann et jo net duerchgoen an et ass net nëmme bei de Sammler, mä och bei deenen aneren, wéi Armurieren oder Sportschützen, dass déi Punkten eben elo esou iwwerschafft ginn, dass d'Leit wéinstens kënnen domadder liewen. D'Direktiv muss ëmgesat gi, mä si erméiglecht jo och Exceptiounen. Dass do awer och méi domadder geschafft gëtt, dat ass eis Erwaardung.

Déi verschidden Associatiounen hunn ënnert anerem och nach eng Entrevue bei der CSV gefrot, do hu se bis elo awer nach kee Rendezvous.

Back to Top
CIM LOGO