Invité vun der Redaktioun (12. November) - Guy HeintzJidderee pauschal a Steierklass 2, ass net richteg an net machbar

Carine Lemmer
Et goung mir drëm, Iwwerleeungen a Pisten a punkto Steieren opzezeechnen, seet de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Guy Heintz
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg war de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.

Hien huet rezent e Lieserbréif geschriwwen, ass op d'Haaptthemen agaangen an huet verschidde Facette beliicht. U sech wier eise System vun der Struktur hir gutt, esou de Guy Heintz. D'Haaptthema am Lieserbréif ass déi individuell Besteierung, déi jo am Raum steet.

Den Haaptproblem vun dëser wier deen, datt et, wa se vun haut op muer kéim, dann hätte verschidde Stéit méi ze bezuelen, wann et kee Korrektiounsmechanismus gëtt.

De rezente Lieserbréif vum Guy Heintz mam Titel: Überlegungen zu den Steuerklassen und der individuellen Besteuerung.Eng aner Iddi wier déi, fir e Stéchdatum ze nennen, zum Beispill 2020, datt eben d'Leit vun do un obligatoresch individuell besteiert géinge ginn. Do misst dann awer e Korrektiounsmechanismus spillen, esou den Invité vun der Redaktioun vum Méindeg.

Fir pauschal ze soen, jidderee gëtt individuell besteiert a jidderee kënnt an d'Steierklass 2, dat wier net richteg. Ënner anerem wier dat finanziell net ze verkraaften, sou nach de Guy Heintz.

Et goung mir drëm, Iwwerleeungen a Pisten a punkto Steieren opzezeechnen, seet de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.

Jidderee pauschal a Steierklass2, net richteg an net machbar
Et goung mir drëm, Iwwerleeungen a Pisten a punkto Steieren opzezeechnen, seet de Guy Heintz, Éierendirekter vun der Steierverwaltung.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO