
Op där anerer Säit sollen d'Leit dës Woch awer och verstäerkt informéiert ginn an d'Méiglechkeet kréien, hir Froen ze stellen.
Et wieren nach ëmmer Leit do, déi veronséchert sinn an Ängschten hu wéinst der Impfung. Dofir wier et wichteg, hinne sou vill wéi méiglech Informatiounen ze ginn, seet den Tom Rausch vum Gesondheetsministère.
"An deem Kader hu mer verschidden Zesummenaarbechte lafen, zum Beispill mat Gewerkschaften, wou mer Séances d'înformations organiséieren. An doriwwer eraus hu mer och e Samschden eng sougenannten Impfkonferenz geplangt, op där mer probéieren, esou vill wéi méiglech Froe vum Grand public, awer och vum Gesondheetspersonal, spezifesch ze beäntweren."
Jidderee soll d'Chance kréien, seng Froen ze stellen, an et soll och jiddereen d'Chance kréien, sech impfen ze loossen. Dofir si sougenannte Pop-Up-Impfstatiounen uechter d'Land opgaangen.
"Et geet vun Iechternach, bis op Ettelbréck, bis op Wolz a Clierf, an der Stad huet ee méi Méiglechkeeten, sech impfen ze loossen, op Chrëschtmäert, awer och op normale wëchentleche Mäert kann ee sech impfe loossen. Dat heescht, et ass wierklech fir jiddereen eppes dobäi an et kann een och op impfen.lu goen an do iwwert seng Postleitzuel kucken, wat am noosten ass."
Duerch déi breet Offer géing een och hoffen, datt et net méi zu sou laange Schlaange kënnt, wéi dat d'lescht Woch op verschiddene Plazen de Fall war, seet den Tom Rausch. Wann eenzel Impfplazen e besonnesch grousse Succès hunn, solle se och iwwert dës Woch eraus kënnen opbleiwen. No der Impfwoch organiséiert d'Santé dann nach eng Testwoch.
"Dat heescht, do sollen d'Leit sech dann zesummen, am beschten dënschdes a freides an der Mëttesstonn testen, fir dass mer eng gutt Vue kréien, wéi de Virus momentan zirkuléiert an ech mengen, dat ass virun allem wichteg, well mer jo och wëssen, dass elo bei de Feierdeeg d'Leit méi no beieneekommen an dass et da wichteg ass ze wëssen, ass ee vläicht positiv, ouni et gemierkt ze hunn."
Dofir kritt all Stot e Bong fir eng Këscht Schnelltester heemgeschéckt, deen een an der Apdikt aléise kann. Wann ee positiv ass, soll een dat da bei der Santé mellen.