ChamberwalenJoëlle Welfring a Meris Sehovic si Spëtzekandidaten-Duo fir déi Gréng am Süden

Roy Grotz
No der LSAP sinn déi Gréng déi zweet Regierungspartei, déi hir Lëschte fir d'national Wale vun der Basis ofseene léisst.
© RTL

Dat war um Mëttwoch de Moien zu Esch am Ellergronn de Fall. Nieft der grénger Ëmweltministesch, déi d’Carole Dieschbourg ersat huet, an dem frësch gewielten Escher Schäffen a Parteipresident sinn natierlech déi aktuell Deputéiert op der grénger Südlëscht: d’Beetebuerger Schäffe Josée Lorsché, d’Diddelenger Conseillère Semiray Ahmedova an den Apdikter Marc Hansen vu Käerjeng.

Aner lokal Gewielter, déi bei de Gréngen am Minett ëm Stëmme kämpfen, sinn de Paulo Aguiar vun Déifferdeng, de Serge Faber vu Suessem, den Nicolas Hirsch vu Beetebuerg, d’Viviane Petry vu Keel, d’Josée-Anne Sibenaler-Thill vu Käerjeng an den Yves Steffen vun Diddeleng.

Newcomer sinn awer natierlech och op der Grénger Südlëscht vertrueden. Dat mat ënner anerem dem Filmproduzent Paul Thiltges, dem Escher Gynekolog Michel Clees, dem Kënschtler Raphael Gindt oder och der Hiewan Katja Battin.

Déi Gréng kruten 2018 mat knapp 15% 3 Mandater am Süden. Deemools hunn d’Beschtgewielt Felix Braz a Roberto Traversini geheescht, déi lo net méi dobäi sinn a wou eng 25.000 respektiv 19.000 Stëmme musse guttgemaach ginn, eng enorm Erausfuerderung fir d’Ekipp ëm den Duo Welfring-Sehovic.

Och net mat dobäi sinn déi 2018 ganz gutt gewielte Laura Pregno an de fréieren Escher Schäffe Martin Kox.

Och d’Mandy Ragni, déi am Splitting Escher Schäffen wäert ginn, ass net op der grénger Lëscht.

D’Altersmoyenne vun der grénger Südlëscht läit bei 45 Joer - et ginn 11 Fraen an eng Dosen Männer mat an d’Course.

D'Schrewies vun déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO