No TripartiteJongbauere-President Charel Ferring begréisst Ënnerstëtzung fir Bauerebetriber

Claude Zeimetz
Och de President vun de Jongbauere Charel Ferring begréisst d'Ënnerstëtzung fir d'Bauerebetriber, déi en Donneschdeg op der Tripartite matdecidéiert goufen.
© Claude Zeimetz

D'Bauerewiese war op der Tripartite zu Senneng duerch de President vun der Landwirtschaftskammer vertrueden a leit den Ament, wéinst der Blockade vun der Strooss vun Hormus, ënnert enger Hausse vun den Dünger- an Energiepräisser. D'Landwirtschaft wier en "energieintensive" Secteur, seet och de Charel Ferring. Dofir wier ee frou, wann déi annoncéiert Mesuren d'Betriber entlaaschte kënnen. Wéi genee, do waart een nach drop fir Detailer vun de politesche Responsabelen ze kréien. Fir déi aner Woch si Pressekonferenzen annoncéiert.

De Charel Ferring iwwer déi annoncéiert Ënnerstëtzung fir d'Bauerebetriber

Wat spezifesch Hëllef bei den Düngemëttel betrëfft, wëssen d'Baueren nach net, wou d'Rees higeet. Den EU-Agrarkommissär, de Lëtzebuerger Christophe Hansen, huet fir Juli en europäeschen Düngeraktiounsplang an Aussiicht gestallt.

No der Tripartite ass virum "Landwirtschaftsdësch"

Zu Maacher kommen e Freideg dann de ganzen Dag d'Vertrieder aus der Landwirtschaft fir e sougenannte "Landwirtschaftsdësch" zesummen. Et ass déi drëtten Editioun vun dësem institutionaliséierten Dialog tëscht de Baueren an dem Landwirtschaftsministère. Haaptthema ass déi zukünfteg Ausriichtung vun der gemeinsamer europäescher Agrarpolitik (PAC) fir d'Joren 2028 - 2034 an hir Inzidenzen op dat neit Lëtzebuerger Agrargesetz. Ma natierlech kommen déi verschidden Acteure warscheinlech awer net derlaanscht, fir och nach emol op d'Auswierkunge vun der Decisioun vun der EKABE zréckzekommen, fir vun Abrëll u keng Lëtzebuerger Mëllech méi ze verschaffen. Dës Nouvelle hat d'Baueren an de Ministère virun enger Woch jo kal erwëscht.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO