
D’JDL fuerdert ënnert anerem e legale Kader fir d’Recht op Sexualitéit a Sexualassistente fir Leit mat Beanträchtegungen. Dës géif et ënnert anerem schonn an Däitschland an Holland an an der Belsch an ënnerschiddleche Forme ginn, zu Lëtzebuerg wier dës Problematik bis ewell awer “weder op politeschem, nach op gesellschaftlechem Niveau wierklech thematiséiert” ginn.
Donieft solle restriktiv Krittäre fir homosexuell Männer, déi Blutt wëlle spenden, opgehuewe ginn. An d’jonk Demokrate soen och: Schluss mat getrennten Toiletten tëscht de Geschlechter. Unisex-Toilettë kéinten eng Rei Problemer an Ongerechtegkeete léisen.