An den Ae vum Fabrice Roth gehéiert de Schüler awer kloer an d'Schoul:Dee sozialen Austausch an Encadrement kréie mer doheem net hin. Mir hunn Elteren, déi hunn d'Chance doheem ze sinn an de Kanner kënnen ze hëllefen. Mee mir hunn och Elteren, déi net doheem sinn oder wou méi Kanner doheem sinn, wou den Encadrement vun de Schüler net ka gemaach ginn. Fir mech ass kloer: D'Schoul soll opbleiwen, soulaang et nëmme geet.
Nieft der Schoul ass et awer och ëm d'Wuelbefanne vun deene Jonken gaang. Der Jugendfuerscherin op der Uni Lëtzebuerg Caroline Residori no huet eng Ëmfro vun hinnen erginn, datt et de Jonke schwéier Fält positiv Aspekter vun der Kris ze nennen:
Ech mengen, et gëtt keng aner Liewensphase wéi d'Jugend, wou ee sou op den Austausch an déi sozial Kontakter ugewisen ass. A genee do spiere se de Verloscht immens. Mee se probéieren hiert Bescht. Si soen, et géif hinne schwéier falen, mee se verstinn, et a kënnen eenzel positiv Aspekter eraus zéien.
Dozou zielt zum Beispill, datt se méi Zäit mat der Famill konnte verbréngen oder Saachen maache konnten, fir déi se soss keng Zäit haten. Aus der Ëmfro geet awer och ervir, datt manner Jonker d’sozial Ënnerstëtzung duerch d’Famill als héich bewäerten:Net just duerch d'Donnéeën, déi d'Uni Lëtzebuerg gesammelt huet, mee och international wier ze erkennen, datt d'Ängscht och bei de Jonken an d'Luucht ginn, huet d'Caroline Residori nach betount. Ëm déi 4.000 Jugendlecher goufen vun der Uni Lëtzebuerg befrot.
