Lëtzebuerg wiisst ëmmer méi, an dowéinst muss en Ëmdenke kommen a Saache Wunn-, respektiv Liewensraum. An deem Kontext wier vill Ëffentlechkeetsaarbecht néideg, sou de Jos Dell, President vum OAI, dem Ordre des Architectes et des Ingenieurs-Conseils, e Mëttwoch de Mueren am RTL-Interview um Radio.
Et muss méi kooperativ, méi modulär gebaut ginn. Zum Beispill Appartementer an deenen d'Wunneng jee no Plaz-Besoin kann ugepasst ginn.
Den Architekt liwwert e Service fir e Client, huet also näischt mat den deiere Wunnengspräisser am Land ze dinn. Dës entstinn duerch déi deier Terrainen an do ass d'Regierung gefuerdert, fir déi Entwécklung an de Grëff ze kréien. Och wat de Bausecteur ugeet, fir datt herno net nëmmen nach vereenzelt grouss Firmen de Marché dominéieren. Wat de Beruffsstand vun den Architekten an Ingenieuren ugeet, do bitt den OAI eng ganz Rei Formatiounen un, fir datt si den ëmmer neien Erausfuerderung am Bauwiesen gewuess sinn.
Den OAI-President war eisen Invité vun der Redaktioun e Mëttwoch um 10 op 8.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.