Invité vun der Redaktioun (12. Mäerz) - Christoph Bumb"Journalismus däerf eppes kaschten, fir Onofhängegkeet ze garantéieren"

Pit Everling
En Dënschdeg war de Gerant vu reporter.lu den Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Christoph Bumb
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Rechnung geet op. De Christoph Bumb, Gerant vu reporter.lu huet en Dënschdeg de Moien no engem Joer e ganz positive Bilan vu sengem digitale Magazin gezunn. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Reporter huet bal 2.000 Abonnenten, d'Zuel konnt also quasi verduebelt ginn. Wéi vill der vun deene genee bleiwen, dat kann ee lo nach net soen well, mä et géing awer gutt ausgesinn.

6 fest Journalisten schaffen fir den onofhängegen Online-Magazin, plus eng Dose Freelancen.

Reporter kuckt manner nom Dagesgeschäft, mä geet de Froen op de Fong. Hannerfreet an analyséiert. De Christoph Bumb mengt schonn, datt een dem eegenen Usproch gerecht gi wär. Et bitt een all Dag op d'mannst eng Story. Et ginn Artikelen, déi si séier, an engem Dag, geschriwwen. Aner Reportage bräichten Deeg oder souguer méi wéi eng Woch, sou de Gerant vu reporter.lu.

De Christoph Bumb

Gouf et Drock? Natierlech, dat géif et an all Redaktioun ginn, sot eisen Invité en Dënschdeg de Moien. Mä et wär een onofhängeg. Wéi d'Niewenjobs vum Viviane Reding oder vum Fränk Engel thematiséiert goufen, hätt et zum Beispill Drock ginn.

De Christoph Bumb gleeft drun, datt de Journalismus eppes däerf kaschten, datt een op Abonnenten ugewisen ass. Esou kéint een d'Onofhängegkeet garantéieren.

Hie géif op jiddefalls de Schrëtt nach emol goen. D'Aarbecht, déi eng kleng Firma an Usproch hëlt, hätt hie villäicht e bëssen ënnerschat.

En Dënschdeg war de Gerant vu reporter.lu den Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO