Inneminister reagéiert mat CommuniquéJournaliste kloe viru Geriicht wéinst dem Informatiounszougang

Diana Hoffmann
Roy Grotz
Eng Journalistin an d'Journalistenassociatioun ALJP kloe virum Verwaltungsgeriicht géint den Inneministère.

Journaliste kloe viru Geriicht wéinst dem Informatiounszougang /Rep. D. Hoffmann

Hannergrond ass, dass der Journalistin Charlotte Wirth, déi fir de Stern a fir Reporter schafft, bei hirer Recherche Dokumenter iwwer d’Zesummenaarbecht vu Lëtzebuerg an der EU-Grenzschutzagence Frontex refuséiert goufen. Méi genee goung et dorëm, wéi Lëtzebuerg déi deels ëmstridden Agence géing ënnerstëtzen.

D’Begrënnung vum Refus war, dass et sech géing ëm eng Demande abusive handelen. D’Charlotte Wirth misst méi genee soen, ëm wéi eng Dokumenter et geet. Schwéier, wann et ëm e Sujet géing goen, deen net an der Ëffentlechkeet wier, sou d’Journalistin. Bei Frontext hat si awer mat hirer Demande méi Erfolleg, an huet 300 zum Deel geschwäerzten Dokumenter kritt.

Zwee Joer méi spéit hat se dës a méi konkret Froen eragereecht. Trotzdeem krut si nees e Refus vum Inneministère. Doropshin huet si d’Commission d’Accès aux Documents kuerz CAD saiséiert, fir z’evaluéieren. Dës kuckt zum Beispill, op d’Sécherheet vum Land a Gefor ass duerch d’Publizéiere vun Dokumenter. “An dësem Fall ass dat net de Fall. D’CAD huet an 2 Avise ganz kloer gesot, dass d’Argumentatioun vum Staat sech net hält, an ech misst Urecht op déi Dokumenter hunn”, betount d’Charlotte Wirth. “Wa mer ufänken, d’Decisioun vum CAD z’ignoréieren, kënne mer ufänke kritesche Journalismus ofzeschafen”, mengt de Misch Pautsch, Präsident vun der ALJP.

Problematesch géing awer bleiwen, dass och eng CAD keen Abléck an d’Dokumenter, ëm déi et geet, huet. Dëst hofft een, dass an Zukunft geännert gëtt. “Dass mer eng Zort Ombudsman kréien, déi déi Dokumenter, respektiv déi Informatioune ka kucken, lauschteren an nokontrolléieren, a soen, ob se zougänglech fir de Journalist solle sinn, oder der Staatssécherheet ënnerleien”, wéi de Roger Infalt, Member vun der ALJP, erkläert.

D’Journalistenassociatioun huet sech an der Affär ronderëm den Informatiounszougang als Partie civile constituéieren an iwwerhëlt d’Geriichtskäschten. Wann de Prozess zu hire Gonschten ausgeet, hofft een domat e Präzedenzfall ze schafen. Besonnesch an der aktueller Zäit, wou d’Informatiounszougangsrecht iwwerschafft gëtt, an d’Journalisten op da, wat se bis elo matkruten, mat Suerg kucken. “Et gouf jo dat Versprieche vum Här Frieden, dass mer en Informatiounszougang géife kréien, mä dat, wat do virläit, verbessert wierklech grosso modo iwwerhaapt näischt. A la limite stinn an Artikele Saachen dran, déi et spéider nach méi schwéier maachen”, sou d’Aschätzung vun der Charlotte Wirth.

Inneminister reagéiert op Reprochen

Den Inneminister schreift an enger Reaktioun e Mëttwoch, datt ee bedauert, datt d’Journalistin Fakten aus enger Äntwert net an hiren Artikel afléisse gelooss hätt. Den Accès zu den gefroten Dokumenter hätt de Ministère iwwerdeem net kéinte ginn, wëll dës als “sensibel” klasséiert wieren.

Zu de Fakte sief gesot, datt effektiv en Helikopter vun der Lëtzebuerger Firma “Air Ambulance fir Frontex-Missiounen am Mëttelmier am Asaz ass, an datt zanter dem Ufank vun deem Asaz viru 7 Joer honnerte Liewe vu Bootsflüchtlinge gerett gi wieren.

De Lëtzebuerger Helikopter wier iwwerdeem a kengen Tëschefäll verwéckelt gewiescht, déi d’fundamental Rechter vun de Migrante violéiert hätten.

Sou géifen d’Informatiounen, déi den Helikopter wärend senge Missioune sammelt, och net un d’tuneesesch Garde-Côten weidergeleet, mä un déi italieenesch Autoritéiten. D’Journalistin Wirth hat an hirem Artikel geschriwwen, datt d’Informatiounen, déi de Lëtzebuerger Helikopter weiderginn hat, och fir sougenannt “Prevention of departure"-Missioune gebraucht gi wieren. Dëst géif aus interne Frontex-Dokumenter ervirgoen an d’Journalistin huet konnten noweisen, datt den Helikopter an deem Zäitraum virun der tuneesescher Küst patrulléiert wier.

Hei d’Schreiwes:

Contribution luxembourgeoise d’un hélicoptère aux opérations conjointes coordonnées par Frontex (11.09.2024)
Communiqué par : ministère des Affaires intérieures

Le gouvernement luxembourgeois contribue depuis 2017 avec un hélicoptère de surveillance aérienne aux opérations conjointes coordonnées par Frontex et participe par ce biais activement au sauvetage de migrants en situation de détresse en Méditerranée. Cette mission est confiée à Luxembourg Air Ambulance (LAA), un acteur luxembourgeois dont les valeurs et l’expertise s’alignent parfaitement avec les objectifs attendus de cette contribution à Frontex. Ainsi, entre 2017 et 2023, l’hélicoptère de la LAA a participé à 49 missions de sauvetage. En 2024, cette mission s’est poursuivie avec entre autres le sauvetage de 59 migrants au large des côtes italiennes près de Lampedusa en mars 2024 et l’appui au repérage de bateaux de migrants en détresse dans 8 autres cas. Depuis le début de la contribution luxembourgeoise, l’hélicoptère a ainsi contribué à sauver des centaines de vies.

Les autorités luxembourgeoises sont informées quotidiennement des activités de l’hélicoptère mis à disposition de Frontex. L’hélicoptère n’est pas impliqué dans des incidents qui auraient entraîné des violations des droits fondamentaux des migrants à bord des bateaux repérés par l’hélicoptère.

L’hélicoptère luxembourgeois est mis à disposition des autorités italiennes et de Frontex dans le cadre de l’opération conjointe en Italie. Il n’a pas pour mission de patrouiller sur les côtes tunisiennes ni de communiquer avec les garde-côtes tunisiens. Les informations concernant les repérages effectués par l’hélicoptère sont relayées exclusivement, et de manière sécurisée, au centre de coordination (International Coordination Center) de l’opération conjointe basé à Rome. Ces informations sont relayées par l’ICC vers les centres de coordination de sauvetage maritime (Maritime Rescue Coordination Center) italien ou maltais, en fonction de la position du bateau en détresse. Les échanges radio VHF (very high frequency) marine ont lieu exclusivement avec les autorités italiennes et uniquement selon les besoins pour guider les garde-côtes italiens ou la Guardia di Finanza sur les lieux du repérage.

Le ministère des Affaires intérieures n’a pas donné suite aux demandes d’accès aux documents de Charlotte Wirth étant donné le caractère sensible de ces informations, couvertes par la loi modifiée du 14 septembre 2018 relative à une administration transparente et ouverte. Le ministère prend acte du recours introduit le 10 septembre 2024.
Quant aux faits indiqués par la journaliste, le ministère déplore que les éléments factuels de la réponse écrite détaillée aux questions de Charlotte Wirth, qui lui a été fournie en date du 5 septembre 2024, n’aient pas été inclus dans son article du 10 septembre 2024.

Back to Top
CIM LOGO