
Wéi steet et ëm d'Zukunft vum Tramsmusée? Déi Fro hunn déi Gréng e Méindeg am Stater Gemengerot gestallt.
De Patrick Goldschmidt vun der DP huet virop d'Chiffere vun de Visiteure vum Musée zu Hollerech vun de leschte Jore genannt, déi 2025 ëmmerhi bei 5.884 louchen.
Vu, datt d'Busgarage zu Hollerech verschwanne wäert, kënnt och de Musée an Zukunft op eng nei Plaz. Wou genee, wier awer nach net definéiert, huet d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert an awer an engems betount, datt näischt aus dem Tram- a Busmusée vun der Stad Lëtzebuerg wäert verschwannen a mat Gewëssheet ausgebaut an op enger neier Plaz ausgestallt wäert ginn.
Et gouf och ervirgestrach, datt dëst Joer 150 Joer ëffentlechen Transport gefeiert ginn. De 6. Juni wäert an deem Kontext vum Musée eng Porte ouverte organiséiert ginn.